Papageien
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Papageie sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Vullen. Et gëtt ronn 340 Papageienaarten.
Papageien hunn eng oprecht Kierperhaltung an e kräftege Schniewel. Si erniere sech vu Som, Bieren, Friichten, Nektar, Bléien, Knospen a Wuerzelen. Verschidden Aarte friessen och Insekten a Larven. Si kënne gutt fléien a kloteren. Et sinn déi eenzeg Vullen déi hiert Friesse mat de Féiss festhalen.
Déi klengst Papageie si mat 8 cm Längt d'Spiechtpapageien an déi gréisst sinn d'Hyazinth-Arae mat bis zu 1 m Längt.
Papageie sinn op all Kontinent vertrueden, ausser an Europa an an der Antarktis. An Europa gi si haaptsächlech als Hausdéier gehalen.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Psittaciformes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads