Patrick Dury

lëtzebuergesche Gewerkschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Patrick Dury
Remove ads

De Patrick Dury, gebuer den 20. Abrëll 1965 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Hien ass zanter dem 18. November 2011 President vum LCGB.[1]

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Tëscht 1989 an 1998 huet hien an der Produktiounsiwwerwaachung bei Luxguard an am Walzwierk op Arbed-Schëffleng geschafft.

Zanterhier war hie Gewerkschaftssekretär, gouf du Generalsekretär a schliisslech Nationalpresident vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

Ier e Generalsekretär gouf, war hien zoustänneg fir d'Fédération des banques et assurance (LCGB-FEBA), d'ALPL (Association Luxembourgeoises des Pilotes de Ligne et des sociétés de l'aéroport) an den LCGB-SESM.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Remove ads

Gielercher

Referenzen

  1. Source vun den Informatiounen an dësem Artikel, wou net anescht uginn: lcgb.lu/fr/collaborateurs
  2. (fr) Ministère d'État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt den 23.02.2024.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads