Paul Cloos

lëtzebuergeschen Agrocheemiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Paul Cloos, gebuer de 27. Mee 1931 zu Giewel (Käerch), a gestuerwen de 4. Januar 2025 zu Ottignies[1] an der Belsch, war e lëtzebuergeschen Agrocheemiker an emeritéierte Professer op der Kathoulescher Universitéit vu Louvain.[2]

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen a Karriär

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Paul Cloos ass zu Giewel (Käerch) gebuer. No senger Première am Stater Kolléisch huet hie vun 1952 bis 1957 op der Université catholique de Louvain Agronomie studéiert, mat Spezialisatioun an der Agrochimie an der Wëssenschaft vum Buedem. 1957 krut hien, avec grande distinction de Grad vum Ingénieur chimiste et des industries agricoles. No sengem obligatoresche Militärdéngscht goung hien 1958 hannescht op Léiwen, fir mam Professer Fripiat un engem Fuerschungsprogramm vum Institut pour l'encouragement de la recherche scientifique dans l’industrie et l’agriculture (IRSIA) ze schaffen. 1963 huet de Paul Cloos en Doktorat an den Agronomieswëssenschaften, nees avec grande distinction, gemaach.

Dono goung e fir 6 Méint op d'Michigan State University fir dann nees zu Léiwen iwwer Wiesselwierkunge vu mineraleschen Uewerfläche mat organeschen Zesummesetzungen ze fuerschen. 1966 gouf hien Assistent vum Professer Fripiat fir Dokteraarbechten ze bewäerten. 1967/68 gouf hie Chargé de cours fir organesch Chimie op der Faculté des sciences agronomiques zu Léiwen.[3]

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. (fr) Annonce nécrologique op enaos.be. (Januar 2025). Gekuckt den 21.01.2025.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21.01.2025.
  3. "Paul Cloos nommé chargé de cours à la Faculté des Sciences Agronomiques." In: Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 251/252 (07.09.1968), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads