Paul Geimer
lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Paul Geimer, gebuer den 10. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Sportsprofesser a fréiere Lokalpolitiker. Hien ass zu Bartreng opgewuess an ass och duerno do wunne bliwwen.
Als Basketballspiller gouf hien an der Saison 1968/1969 mat der Sparta Bartreng Landesmeeschter.
An der Gemeng Bartreng ass hien 1982 als Conseiller an de Gemengerot komm. 1986 gouf hien do Schäffen an 2002 huet hien d'Nofolleg vum Niki Bettendorf als Buergermeeschter iwwerholl. Enn 2008 huet hie seng Demissioun ugekënnegt, déi den 1. Februar 2009 a Kraaft getrueden ass; säin Nofollger als Buergermeeschter gouf de Frank Colabianchi.
De Paul Geimer war mat der Sportsprofessesch Gaby Hirt (1942-2017) bestuet an ass de Papp vun zwee Kanner. Hien ass de Brudder vun der Biologin Gaby Geimer.
Remove ads
Gielercher
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (2000)[1]
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads