Paul Kutter

Schwäizer-lëtzebuergesche Fotograf From Wikipedia, the free encyclopedia

Paul Kutter
Remove ads

De Paul Robert Kutter, gebuer de 5. Oktober 1863 zu Flums (Sankt-Gallen), a gestuerwen de 15. Mäerz 1937 an der Stad Lëtzebuerg, war e Schwäizer-lëtzebuergesche Fotograf.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
D'Famill Witry fotograféiert vum Paul Kutter.

1883 huet hien op Nummer 6 an der Rue Wiltheim an der Stad Lëtzebuerg e Fotostudio opgemaach. 1904 huet hie säi Geschäft op 3, rue du Génie (haut Avenue Monterey) geplënnert, wou de Charles Bernhoeft bis 1903 als Fotograf geschafft huet.[1] Eng Zäit laang gouf et och eng Succursale zu Déifferdeng.

De Paul Kutter war de Papp vum Edouard Kutter (1887–1978) an dem Bernard Kutter (1889–1961), déi allenzwéin och Fotografe waren; dem Moler Joseph Kutter (1894–1941), dem Paul Kutter jr. (1899-1941) an der Catherine Kutter (1891–1958). Den Edouard, wéi och deem säi Jong, deen och Edouard heescht, hunn de Fotosatelier nom Paul Kutter sengem Doud virugefouert.[1]

D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg versuergt Fotoe vum Paul Kutter.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Paul Kutter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads