Pentan
cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Pentan oder n-Pentan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. Et ass ee vun den dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus Isopentan a Neopentan besteet.
Remove ads
Physikalesch Eegenschaften
Pentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf, déi no Bensinn richt. En ass volatil an verdonnst scho bei Raumtemperatur. Déi Dämp si méi schwéier wéi d'Loft a breede sech um Buedem aus.
E léist sech schlecht am Waasser. Dogéint ass e gutt am Aceton, am Ethanol an am Ether léislech.
Cheemesch Eegenschaften
Pentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser. Doduerch, datt e volatil ass, kënnen explosiv Gasgemëscher aus Pentan a Loft entstoen.
Remove ads
Virkommen
Pentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking
Hierstellung
An der Industrie:
Pentan gëtt an der Industrie duerch Destillatioun vu Pëtrol gewonnen.
Am Laboratoire:
Am Laboratoire gëtt fir d'éischt Pentan-2-ol oder Pentan-3-ol dehydratiséiert, da mat Katalysateuren hydréiert.
Uwendung
Pentan ass en universellt Léisungsmëttel an en Dreifmëttel an de Spraydousen.
Auswierkungen op d'Gesondheet
D'Dämp vum Pentan wierke narkotesch a wann een se anotemt, kann dat zu Dronkenheet, Kappwéi, Schléifregkeet an Herzrhythmusstéierunge féieren.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads