Alkanen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Alkanen (fréier: Paraffinen, Grenzkuelewaasserstoffer) sinn azyklesch an net gesiedegt Kuelewaasserstoffer vun der Strukturformel CnH2n+2. Vum Butan u gëtt et verzweigt Alkanen. Dat sinn d'Isomeren, si ginn als Isoalkanen oder Isoparaffinen (i-Alkanen, i-Paraffinen) bezeechent. Déi normal kettefërmeg Alkanen, déi net veräschtelt sinn, ginn n-Alkanen oder n-Paraffine genannt. D'Cycloalkanen hunn eng Rankstruktur.
Remove ads
Nomenklatur
Ausser deenen éischte véier Alkane gëtt den Numm vun engem n-Alkan aus enger griichescher Zuel an dem Suffix –an forméiert. D'Zuel gëtt d'Nummer vun de Kuelestoff-Atomer vum n-Alkan un. De Buschtaf n seet, datt et sech ëm e kettefërmegen Alkan handelt.
Remove ads
Physikalesch Eegenschaften
Déi éischt véier Alkanen (Methan, Ethan, Propan a Butan) si bei Raumtemperatur a bei Atmosphärendrock (1013 hPa) gasfërmeg. Mat 5 bis 16 Kuelestoff-Atomer (Pentan bis Hexadecan) si se flësseg an all Alkan, deen nach méi C-Atomer huet, ass fest.
Cheemesch Eegenschaften
U sech sinn d'Alkanen inert a reagéiere seele mat anere Produiten. Dofir gi se och Paraffine genannt.
Alkane reagéieren awer mat dem Chlor a mat der Schwiewelsaier fir nei Produiten ze forméieren. Mam Sauerstoff verbrenne se zu Kuelendioxid a Waasser. Aner Reaktioune vun den Alkane sinn de Cracking an d'Isomeriséierung.
Virkommen
Äerdgas an Äerdueleg besti gréisstendeels aus Alkanen.
Hierstellung
An der Industrie ginn Alkanen aus dem Äerdgas an aus dem Äerdueleg destilléiert an extrahéiert.
Uwendung
Alkane ginn als Brennes, Sprit a Léisungsmëttel geholl. Donieft si se wichteg Basisproduiten an der Petrochimie.
Literatur
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
Um Spaweck
| Commons: Linear alkanes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads