Perl oder Pica (Film)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Perl oder Pica ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Pol Cruchten, deen am Summer 2005 gedréint gouf an den 12. Oktober 2006 Avant-Première am Kino Utopolis hat. Et ass eng Verfilmung vum Buch mam selwechten Numm vum Jhemp Hoscheit.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
1962: D'Liewe vum Norbi Welscheid, engem 12 Joer ale Bouf vun Esch-Uelzecht, spillt sech tëscht sengem Papp senger Papeterie, der Schoulbänk an der Kierch of. Mä langweileg gëtt et ëm dofir nach laang net: D'Kubakris kënnt iwwer Radio an d'Stuff eran, e Muerd geschitt, an da sinn do déi mysteriéis "P"en, déi säi Papp heiansdo an e Buch schreift, an all déi onausgeschwate Saachen aus der Zäit vum Zweete Weltkrich an iwwer d'Sexualitéit, déi de Jong virwëtzeg maachen, an iwwer déi e gär méi wéisst...
Remove ads
Dréiplazen
- D'Haus an der Escher Origer-Strooss, Set fir d'"Papeterie Welscheid".
- Epicerie an der Escher Victor-Hugo-Strooss
- an der a ronderëm d'Escher Jousefskierch
- Dellhéicht-Schoul
- Lallengerbierg
Accueil
De Film gouf vu ronn 17.767 Leit am Kino gesinn.[1]
2003 gouf Perl oder Pica mam 3. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Publikumspräis" ausgezeechent. E war 2007 och déi lëtzebuergesch Propositioune fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film", gouf awer net nominéiert.[2]
Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,2 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 162 Benotzerbewäertungen.[3]
Dëst an dat
De Ben Hoscheit, deen den Haaptpersonnage Norbi Welscheid spillt, ass de Jong vum Jhemp Hoscheit. Béid leeë Wäert drop, festzestellen, datt d'éisträichesch Koproduzenten, déi de Choix vun de Schauspiller gemaach hunn, näischt vun dëse Familljerelatioune woussten.
D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.
Literatur
- Jhemp Hoscheit: Perl oder Pica. Vum Buch zum Film. Eng Chronik 1996-2006. Wéi aus engem lëtzebuergesche Roman e lëtzebuergesche Film gëtt... GalerieDok 1, Éditions du Centre Culturel de Differdange, 2009, ISSN 2076-8060.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.
- automatentest.de: Kleine Geheimnisse (Perl oder Pica) (gekuckt de 25. November 2021)
- imdb.com: User Ratings (gekuckt de 26. November 2021
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads