Thierry van Werveke

lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia

Thierry van Werveke
Remove ads

Den Thierry van Werveke, gebuer den 23. Oktober 1958 zu Genf an der Schwäiz, a gestuerwen den 11. Januar 2009 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Säi Liewen

Seng éischt Filmerfarung huet den Thierry van Werveke 1982 am Andy Bausch sengem Kuerzfilm Stefan gemaach. Zanterhier huet en an alle Spillfilmer vum Bausch, meeschtens an der Haaptroll, matgespillt. Geschwë goufen aner Regisseuren op en opmierksam; hien huet a Filmer vum Paul Kieffer (Schacko Klak), Marc Olinger (De falschen Hond) a Pol Cruchten (Hochzäitsnuecht) matgespillt. Abracadabra vum Harry Cleven war säin éischte Film op Franséisch. Mat senger Roll als de Belsch Henk am Knockin' on Heaven's Door, deen e grousse Succès an Däitschland war, gouf hie beim däitsche Publikum bekannt.

Hien huet reegelméisseg an däitsche Filmer, an Televisiounsfilmer, respektiv -serië matgespillt. Fir seng Roll an Eine andere Liga krut hien 2008 den Adolf-Grimme-Preis.

Den Thierry van Werveke huet och reegelméisseg a Lëtzebuerger Theaterproduktioune matgespillt, dacks ënner der Regie vum Frank Hoffmann.

Och als Sänger vun de Gruppen Nazz Nazz, Taboola Rasa a Luxus hat hien en treit Publikum.

Dee leschte Film, an deem hien an enger Haaptroll ze gesi war, war inthierryview, deen den Andy Bausch als eng Zort réckbléckende Portrait an Hommage 2008 gedréint huet, nodeem bekannt gi war, datt den Thierry van Werveke schwéier krank wier.

Hien ass den 11. Januar 2009 am Alter vu 50 Joer gestuerwen.[1]

Den Til Schweiger huet dem Thierry van Werveke an der Barbara Rudnik posthum säi Film Zweiohrküken dedicasséiert.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Diddeleng eng Plaz no him genannt, d'Place Thierry van Werveke.

Remove ads

Gielercher

  • 1988: Beschte männlechen Acteur fir seng Roll am Troublemaker um Filmfestival vu La Clusaz (Frankräich)
  • 2003: Lëtzebuerger Filmpräis als bescht kënschtleresch Kontributioun fir seng Roll am Le Club des Chômeurs
  • 2008: Adolf-Grimme-Preis fir Eine andere Liga (ZDF/Arte), zesumme mat der Regisseurin Buket Alakus, dem Auteur Jan Berger an de Schauspiller Karoline Herfurth a Ken Duken.[2]

Filmographie

Remove ads

Televisioun

  • Versailles, le rêve d'un roi, 2007, vum Thierry Bisinti
  • Der Tag des Jägers, 2006, aus der Tatort-Serie, Regie: Niki Stein, den Th.v.W. spillt e Lécker Policepsycholog
  • Nachtschicht: Der Ausbruch, Regie: Lars Becker
  • Die Pathologin (Skin Deep), 2005, Regie: Jörg Lühdorff
  • Alte Rechnungen, an der Roll vum Werner Mundt, 2005, Regie: Michael Schneider, aus der Serie SOKO Köln
  • Sperling und die letzte Chance, an der Roll vum Baldwin Grawert, 2004, Regie: Thomas Jahn, aus der Serie Sperling (Tëlee)
  • Ein krasser Deal (First Cut), 2003, Regie: Daniel Texter, W.-R. Kuhl, Christina Fürneisen
  • Crazy Race, 2002, Regie: Michael Keusch
  • Endspiel, 2001, Regie: Ciro Capellari, aus der Tatort-Serie, an der Roll vum Hänschen Schmidt, Platzwart FC Bremen, fir d'éischt gewisen den 20.5. 2002 op der ARD, dat war de 500. Tatort
  • Schützlinge, 2002, Regie: Martin Eigler, aus der Tatort-Serie, an der Roll vum Erwin Balzer, fir d'éischt gewisen den 3.3. 2002
  • Anwalt Abel: Der Voyeur, 2000, Regie: Fred Breinersdorfer
  • Die Geiseln von Costa Rica, 1999, Regie: Uwe Janson
  • Der Clown: Handyman, 1999, Regie: Michael Wenning
  • Hamburg - Stadt in Angst, 1999, Regie: Daniel Helfer
  • Ein großes Ding, 1999, Regie: Bernd Schadewald
  • Helicops: Verschwörung, 1999, Regie: Andy Bausch
  • Wolfs Revier: Zwei Seelen, ein Gedanke, 1999
  • Wolfs Revier: Ein grosses Ding, 1998, Regie: Bernd Schadewald
  • Die Neue: Eine Frau mit Kaliber, 1998
  • Kommissar Rex: Gefährlicher Auftrag, 1998
  • Ein Fall für Zwei: Falsche Partner, 1998, an der Roll vum Abriecher Carlo Lohmann, Regie: Uli Möller, fir d'éischt gewise ginn den 30.04.1999 um ZDF
  • Dinojagd, 1998, Regie: Andy Bausch, an der Balko-Serie
  • Die Straßen von Berlin: Die Bazooka Bande, 1998
  • Mondseecops, 1997, Regie: Jörg Grünler
  • Geisterjäger, John Sinclair, 1996, Regie: Klaus Knoesel
  • Der Venusmörder, 1996, Regie: Dominik Othenin Girard
  • Ex und Hopp, 1990, Regie: Andy Bausch
Remove ads

Discographie

  • Thierry van Werveke - Dat Bescht an de Rescht, 2009
  • Nazz Nazz - His Bastard's Noise, 2003
  • Thierry van Werveke & Taboola Rasa, 1999, MASKéNADA
  • Nazz Nazz - Mad Man, 1996
  • Nazz Nazz - Stay Aboard, 1990

Iwwer den Thierry van Werveke

  • Inthierryview, 2008, Regie: Andy Bausch.
  • The very last Cha-cha-cha, 1999, Regie: Andy Bausch.

Kuckt och

Literatur

  • Yves Steichen: Thierry van Werveke. Luxemburg, Éditions Saint-Paul/CNA 2018 (=Lëtzebuerger Biographien).

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads