Pirate Parties International
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Pirate Parties International (PPI) ass déi international politesch Beweegung vun de Pirate Parteien. Si ass formell am Joer 2010 op der PPI Konferenz zu Bréissel gegrënnt ginn.[1]


Remove ads
Ziler
D'Statute vu PPI[2] ginn hir Ziler als:
hëllefen Pirate Parteie ronderëm d'Welt ze grënnen, z'ënnerstëtzen a bekannt ze maachen, an d'Kommunikatioun an d'Zesummenaarbecht tëscht deene Parteien z'erméiglechen.
D'PPI huet och als Zil d'Piratebeweegung bekannt ze maachen, ze verbreeden an ze vereenheetlechen duerch Koordinatioun, Deele vun Informatiounen, an Hëllef bei der Grënnung vun neie Pirateparteien.[2]
D'Partei strieft duerno Gesetzer iwwer d'Auteursrecht a Patenter ze reforméieren. De Programm enthält och Ënnerstëtzung a Stäerkung vum Recht op d'Privatsphär, souwuel um Internet wéi och am res extensa (am "richtege Liewen"), an d'Transparenz vun de staatleche Verwaltungen.
Remove ads
Geschicht
Déi éischt Piratepartei war déi schweedesch Piratpartiet, déi den 1. Januar 2006 vum Rick Falkvinge gegrënnt gouf. Aner Pirateparteien a Gruppe goufen an Éisträich, Dänemark, Finnland, Däitschland, Irland, Holland, Polen a Spuenie gegrënnt. Am Joer 2007, si Vertrieder vun deene Parteien zu Wien (Éisträich) zesummekomm fir eng Allianz ze grënnen a fir d'Europawalen 2009 virzebereeden.[3] Duerno waren nach sou Konferenzen 2008 zu Berlin an zu Uppsala. Déi zweet Konferenz huet dann zu der sougenannter "Uppsala Declaration" gefouert, engem Grondwalprogramm.[4]
Am September 2008 ass den Andrew Norton (Vereenegt Staaten) zum Coordinateur fir d'PPI-Grupp ernannt ginn. Am August 2009 ass hien zeréckgetrueden[5] an huet seng Funktioun un ee "coreteam" viruginn, dee vum Patrick Mächler a vun Samir Allioui geleet gouf. Wéi de Patrick Mächler am Mäerz 2010 zeréckgetrueden ass huet de Lëtzebuerger Jerry Weyer seng Plaz iwwerholl.[6]
Am Joer 2009 huet déi original schweedesch Piratepartei an den Eurpowalen 7.1 % vun de Stëmme kritt [7], a krut 2 vun den 18 schweedesche Sëtz kritt. Deen Erfolleg koum wéinst engem Memberszouwuess nom Prozess an der Verurteelung am Joer virdru vun 3 Membere vun der ideologesch noer Pirate Bay.[8]
Den 18. Abrëll 2010 gouf d'Pirate Parties International formell op der PPI Konferenz gegrënnt.[1]
De 17. Januar 2011 ass de Slim Amamou, een Aktivist vun der Tuneesescher Piratepartei, zum Staatsekretär fir Jugend a Sport an der Tuneesescher Regierung ernannt ginn[9],[10],[11] a schonn de 25. Mee nees vu senger Positioun zeréckgetrueden. Hie sot datt seng Missioun eriwwer war soubal wéi d'Land demokratesch Wale geplangt hat.[12]
Bei de Berliner Landeswalen am September 2011 huet d'Piratepartei 8.9 % vun de Stëmme kritt, an domat hir éischt Sëtz an engem Staatsparlament iwwerhaapt.[13]
Remove ads
Struktur
D'PPI gëtt vun engem Comité verwalt dee sengersäits vun zwéi Kopresidente geleet gëtt.[14] Politik, Leedung a Memberschaftsdemandë falen ënner d'Verantwortung vun der Generalversammlung, déi op d'mannst eemol d'Joer zesummekomme muss.[15]
Weltwäit Pirateparteiebeweegung
Baussent Schwede goufe Pirateparteien a 40 Länner gegrënnt[16], inspiréiert vun där schweedescher Initiativ.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Pirate Parties International – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Statute vu Pirate Parties International Archivéiert de 24.02.2019. Gekuckt den 30.11.2011.
- The Uppsala Declaration or European Pirate Parties Declaration of a basic platform for the European Parliamentary Election of 2009 Archivéiert den 12.11.2012. Gekuckt den 30.11.2011.
- Patrick Mächler steps down - Jerry Weyer Steps up! Archivéiert de 16.07.2015. Gekuckt den 30.11.2011.
- Dissident blogger enters new Tunisian governmen Archivéiert den 21.01.2011. Gekuckt den 30.11.2011.
- Pirate Parties International Statutes, Article XIII.
- Pirate Parties International Statutes, Articles IX - XI.
- Piratenpartij presenteert verkiezingsprogramma Archivéiert den 28.09.2011. Gekuckt den 30.11.2011.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads