Podcast

From Wikipedia, the free encyclopedia

Podcast
Remove ads

E Podcast ass eng Serie vun Audioopnamen, déi iwwer den Internet abonéiert an erofgelueden oder gestreamt kënne ginn. De Contenu ka vun Noriichten a Bildung bis hin zu Entertainment oder perséinleche Geschichte goen. Podcasten erméiglechen et de Nolauschterinnen an Nolauschterer, flexibel an onofhängeg vun der Plaz, op där si sinn, Contenu ze konsuméieren.

Thumb
De Studio, an deem Podcaste vun der Universitéit vu Porto opgeholl ginn.

An éischter Linn handelt et sech bei engem Podcast ëm Audiodateien, ma si ginn awer och reegelméisseg als Video verschafft (zum Beispill op YouTube), entweeder als primäre Contenu oder komplementar zur Audiodatei. Si ginn dann och Video-Podcast genannt.

Remove ads

Urspronk

D'Podcasten hunn hiren Urspronk an enger Iwwerleeung vum Dave Winer, deen RSS entwéckelt huet. D'Wuert selwer ass eng Zesummesetzung aus dem englesche Wuert to broadcast (wat "senden" heescht) an Apple iPod, dem fréieren MP3-Player vun Apple.

De Phenomeen gouf wéinst dem Adam Curry a sengem Podcast Daily Source Code, deen tëscht 2004 an 2013 verëffentlecht gouf, populär. Dofir gëtt de Curry dacks als Pionéier vun der Podcast-Zeen bezeechent.[1] Hien huet och den éischte Podcast-Client, och nach Podcatcher genannt, entwéckelt - eng App iwwer déi ee Podcaste lauschtere kann.

Remove ads

Podcast zu Lëtzebuerg

Pionéier

GuG, fir "Gedanken und Geschichten aus Luxemburg", war den alleréischte Podcast zu Lëtzebuerg. E war op Däitsch a bis September 2005 aktiv. Bouneschlupp vum Thierry Heles war den éischte Podcast op Lëtzebuergesch an och den éischten, den de Sprong vum Internet op de Radio gepackt hat. Vun der Folleg 31 un ass Bouneschlupp an der Sendung Crumble um Radio ARA gelaf.[2]

Check daat! war e weidere Podcast op Lëtzebuergesch, deen am Oktober 2006 ugefaangen huet.[3] Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg vum Joël Adami ass de lëtzebuergesche Podcast, deen am längsten iwwerlieft huet. En ass vu senger éischter Episod de 4. November 2006 gläichzäiteg och als Serie an der Sendung Crumble um Radio ARA gelaf. Do gouf déi éischt Episod de 6. November 2006 diffuséiert. Déi lescht Folleg op der Websäit ass vum November 2017.[4]

Gedibbers war e lëtzebuergeschsproochege Podcast mat véier Spriecher (Mike, Patrick, Thierry a Joël), vun deem déi éischt Episod am November 2009 erauskoum.[5] Am selwechte Joer huet och de Stater Kolléisch säi Podcast Life on Campus Athénée Lëtzebuerg an d'Membere vum Lëtzebuerger Hackerspace de Podcast Lët'z Hack! lancéiert, deen all zweete Samschdeg och um Radio ARA gelaf ass.[6],[7]

No 2018 ass d'Zuel vu lëtzebuergesche Podcaste massiv an d'Luucht gaangen.

Podcasten op Lëtzebuergesch

Méi Informatiounen Titel, Start ...

Podcasten an anere Sproochen

Donieft gëtt et awer och nach Podcasten an anere Sproochen, déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, wéi de franséischsproochege Comedypodcast Le pire podcast, an deem vun 2019 un an 11 Episoden déi schlëmmst Erfarunge vun ënnerschiddleche Leit gedeelt ginn.[21] Op Franséisch gouf et och Outrospection vum Anissa Lechaudel, vun deem tëscht September 2019 a Juni 2022 60 Follge produzéiert goufen.

Zënter Oktober 2019 féieren den Adrien Loesch an den Thierry Schoen duerch den engleschsproochege Wirtschaftspodcast LuxUnplugged Podcast.[22] Tëscht Februar 2021 an Oktober 2023 gouf et donieft de Podcast Cluster for Logistics vun der Organisatioun mam selwechten Numm. E koum all zwou Wochen eraus a war gréisstendeels op Englesch, heiansdo op Däitsch. E war op Supply-Chain- a Logistikmanagement spezialiséiert.[23]

2022 huet RTL Lëtzebuerg d'RTL Podcast Awards an d'Liewe geruff, déi awer just eng Kéier verdeelt goufen.

Remove ads

Um Spaweck

  • Podcast.de - Wiki mat Informatiounen zum Thema Podcast (op Däitsch)

Referenzen

  1. (en) At NRB 2025, Discover How ‘The Future of Radio is Local’. NRB (5. Februar 2025). Gekuckt den 22. Juli 2025.
  2. Bouneschlupp op naischtnotz.net (archivéiert Versioun)
  3. Check daat! op naischtnotz.net (archivéiert Versioun)
  4. angschtaschrecken.lu (gekuckt den 8. Januar 2025)
  5. www.gedibbers.com an der Wayback Machine (Internet Archiv)
  6. www.localradio.lu an der Wayback Machine (Internet Archiv)
  7. hackerspace.lu an der Wayback Machine (Internet Archiv)
  8. paperjam.lu: Le podcast Méi Wéi Sex en voie d’être sauvé vum Mathilde Ober (14. Dezember 2022)
  9. tageblatt.lu: Zeit für eine „Paus.“: Der Podcast von Yaya und Jill erobert Spotify vum Laura Tomassini (27. September 2019)
  10. wort.lu: Zum Hinhören vum Marie Chelius (14. August 2019)
  11. (de) Schweigen ist silber, reden ist gold. Revue Nr.31, 29. Juli 2020. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  12. Episodes of Keck!. podchaser.com. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  13. wort.lu: Podcasterin Cecilia Vieira: „Ich spreche auch Tabuthemen an“ vum Nathalie Roden (27. Februar 2021)
  14. (de) „Meng däischter Heemecht“. wort.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
  15. (fr) Lëtz Talk Different - Un podcast differdangeois. DiffMag (Juni 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads