PoliScan speed

From Wikipedia, the free encyclopedia

PoliScan speed
Remove ads

PoliScan speed ass e Radar fir d'Kontroll vun der Vitess vun de Gefierer am Stroosseverkéier vum Produzent Vitronic vu Wiesbaden. Fir d'Miesse vun der Vitess gëtt dobäi déi laserbaséiert LIDAR-Technologie (Light Detection and Ranging) benotzt. Mat engem Laserstral gëtt dobäi wärend der Zäit vum Moossen, d'Vitess an d'Positioun vu sämtleche Gefierer am Miessfeld gescannt[1].

Thumb
"PoliScan speed" stationär am Asaz op der A4 zu Hollerech

De PoliScan speed existéiert als stationären an och als mobile System[2], déi allebéid fir d'Iwwerwaachung vu bis zu dräi Fuerspueren agesat kënne ginn, woubäi d'Miesszäit méi kléng wéi 1 Sekonn pro Gefier ass. Den Aarbechtsberäich vum Apparat läit tëscht 10 a 75 m an de Moossberäich vun der Vitess tëscht 10 an 250 km/h[3].

De System vun där ongeféier 100.000 Euro pro Apparat deierer Poliscan-Famill kann nieft der Vitesskontroll och fir d'Iwwerwaachung vu Verkéiersluuchten oder fir d'automatescht Erkenne vun den Autosplacke benotzt ginn.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: PoliScan speed – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads

Referenzen an Notten

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads