Provënz Limburg (Belsch)

belsch Provënz From Wikipedia, the free encyclopedia

Provënz Limburg (Belsch)
Remove ads

Limburg ass eng vun den 10 belsche Provënzen, am Nordoste vum Land. Se grenzt un Holland (am Norden an am Osten), méi genee un d'hollännesch Provënze Limburg an Nordbrabant, an, an der Belsch, am Westen un d'Provënz Antwerpen an un de Flämesche Brabant an am Süden, a Wallounien, un d'Provënz Léck. Zu der Provënz Limburg gehéiert och Voeren (fr. Fourons), eng Enklav tëscht Holland an der Provënz Léck, déi ëmmer nees fir Problemer am belsche Sproochesträit geféiert huet.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Limburg.
Séier Fakten Land, Regioun ...

D'Provënz ass 1839 entstanen, wéi, duerch den Traité vu London, d'Provënz Limburg tëscht Holland an der Belsch gedeelt gouf, woubäi d'Meuse als Grenz geholl gouf.

Remove ads

Allgemenges

  • Chef-lieu: Hasselt
  • Fläch: 2.422 km²
  • Héchste Punkt: Voeren, 287,5 m (och den héchste Punkt vu Flandern).
  • Wichteg Waasserleef: Meuse, Démer, Geer, Dommel
  • Populatioun: 904.919 Awunner (Stand 1. Januar 2025)[1],[2]
  • Arrondissementer: Hasselt, Maaseik, Tongeren

Gemengen

D'Provënz Limburg huet 38 Gemengen.

  1. Alken
  2. As
  3. Beringen (Stad)
  4. Bilzen-Hoeselt (Stad)
  5. Bocholt
  6. Bree (Stad)
  7. Diepenbeek
  8. Dilsen-Stokkem (Stad)
  9. Genk (Stad)
  10. Gingelom
  11. Halen (Stad)
  12. Hamont-Achel (Stad)
  13. Hasselt (Stad)
  14. Hechtel-Eksel
  15. Heers
  16. Herk-de-Stad (Stad)
  17. Herstappe
  18. Heusden-Zolder
  19. Houthalen-Helchteren
  20. Kinrooi
  21. Lanaken
  22. Leopoldsburg
  23. Lommel (Stad)
  24. Lummen
  25. Maaseik (Stad)
  26. Maasmechelen
  27. Nieuwerkerken
  28. Oudsbergen
  29. Peer (Stad)
  30. Pelt
  31. Riemst
  32. Sint-Truiden (Stad)
  33. Tessenderlo-Ham
  34. Tongeren-Borgloon (Stad)
  35. Voeren
  36. Wellen
  37. Zonhoven
  38. Zutendaal
Thumb
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Limburg (Province of Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads