Tongeren

belsch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Tongeren
Remove ads

Tongeren (fr:Tongres, li:Tóngere) ass eng belsch Stad an der Gemeng Tongeren-Borgloon an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg. Tongeren läit an der ländlecher Géigend Hesbaye.

op ee Bléck Land, Awunner ...
Thumb
Ale Festungstuerm um Albertwal zu Tongeren

Tongeren war fréier eng vun den 23 Bonnes villes am Fürstentum Léck.

Remove ads

Uertschaften an der fréierer Gemeng

Berg - Diets-Heur - Henis - 's-Herenelderen - Koninksem - Lauw - Mal - Neerrepen - Nerem - Overrepen - Piringen - Riksingen - Rutten - Sluizen - Vreren - Widooie

Jumelagen

Tongeren ass mat Kalisz a Pole jumeléiert.

Kuckeswäertes

Thumb
Ambiorix-Statu aus dem Joer 1866 vum Jules Bertin um Grousse Maart zu Tongeren
  • De Beginen-Haff vun Tongere steet mat enger Dosen anere flämesche Beginagen zanter 1998 um UNO - Weltierwen. De Beginage gouf 1257 gegrënnt an huet aus e puer Stroossen a Gaasse bestanen déi bis am Ufank vum 20. Joerhonnert, bannent enger Mauer louchen, déi nëmmen eng Paart hat. De Beginenhaff läit zum gréissten Deel laanscht 'd'Slachthuisstraat. Dat eelst Haus vun dësem Complex steet awer op der N° 20 an der Sint-Ursulastraat. Et ass markéiert duerch seng prononcéiert horizontal Strukturen déi sech am Zillegebai duerch Banden aus bloem Steen ervirhiewen, an déi no beienee sinn. Koordinaten: 50° 46’ 44’’ N 05° 28’ 08’’ O
  • D'Moerenpoort ass déi eenzeg Paart déi nach vun der Festung erhalen ass. Et kënnt een derbäi wann een aus dem Beginenhaff iwwer d'Kielenstraat, ee vun den 2 Accèse vum Haff, kënnt. Den Numm, grad sou wéi dee vun der Moerenstraat wéisen op de fréiere suppegen a mouerzegen Deel am Südoste vun der Stad. An der Paart déi aus engem grousse gebauten Tuerm besteet ass haut e Musée vun der Stad Tongeren.
  • Op der Grand-Place: d'gotesch Basilika Notre-Dame vun Tongeren an d'Statu vum Ambiorix.

Um Spaweck

 Commons: Tongeren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads