Quentin Massys
flämesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Quentin Massys (Variante vum Virnumm si Quinten oder Kwinten, vum Familljennumm Massijs, Matsijs, Matsys oder Metsys), gebuer ëm 1466 zu Léiwen, a gestuerwe 1530 zu Antwerpen, war e flämesche Moler a Matgrënner vun der Antwerpener Molerschoul.
Remove ads
Liewen
De Massys hat fir Konschtschmadd geléiert an dee Beruff och ufanks ausgeübt. Hien huet awer och gemoolt, a wéi e 1491 op Antwerpen geplënnert ass, gouf en do an d'St.Lukas-Molergild opgeholl. Hien huet sech mat der Alyt van Tuylt bestuet; d'Koppel hat dräi Kanner. Nom Doud vum Alyt, 1507, huet hie sech e Joer drop mat der Catherina Heyns bestuet, mat där en zesumme 10 weider Kanner hat, dorënner de Jan an de Cornelis, déi méi spéit och Moler goufen.
De Massys stoung a Kontakt mat ville bekannte Moler vu senger Zäit, dorënner dem Hans Holbein an dem Albrecht Dürer.
Remove ads
Wierk
Säin éischt bekannt Wierk ass d'Altorbild D'Helleg Famill fir d'St. Pieterskerk zu Léiwen (1507-09).
Aner bekannt Biller sinn D'Kräische wéinst dem Christus sengem Doud (1508-1511, haut Koninklijk Museum voor Schone Kunsten, e Portrait vum Erasmus vu Rotterdam (haut Galleria Nazionale d'Arte Antica am Palazzo Barberini zu Roum), De Sue-Léinert a seng Fra (1514, haut am Louvre zu Paräis an Eng grotesk al Fra (1525-30, haut National Gallery (London)).
- Mëttelsen Deel vum Bild Kräische wéinst dem Christus sengem Doud
- Den Erasmus vu Rotterdam
- De Sue-Léinert a seng Fra
- Eng grotesk al Fra
Remove ads
Um Spaweck

Commons: Quentin Massys – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
