ROSAT

From Wikipedia, the free encyclopedia

ROSAT
Remove ads

De ROSAT (vu Röntgensatellit) war e Satellit, deen als Röntgenobservatoire geschafft huet. Mat 2426 Kilogramm war hien dee bis elo schwéiersten däitsche Satellit. Bei engem Käschtepunkt vu 560 Milliounen DM (mat amerikanescher a brittescher Bedeelegung), war e vun 1990 bis 1999 a Betrib a gouf den 23. Oktober 2011 beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär zerstéiert.

ROSAT
Thumb
De ROSAT beim Start 1. Juni 1990.
TypRöntgensatellit
LandDäitschland
AgenturDLR
Bunnhéicht580 km
Bunnschréi53°
Mass2426 kg
Moossen2,20 m × 4,70 m × 8,90 m
Bunn-Ëmlafzäit96 min
Start1. Juni 1990, 17:48 UTC
StartplazCape Canaveral LC-17A
DrorakéitDelta II 6920-10 D-195
Betribsdauer9 Joer
Statusvergloust 23. Oktober 2011
Remove ads

Aktiv Zäit

De ROSAT hätt ufanks sollte mat engem Space Shuttle an de Raum bruecht an och nees zeréck bruecht ginn. Nom Ofstuerz vun der Challenger goufen déi Pläng zu Gonschte vun enger konventioneller Rakéit geännert. De ROSAT gouf mat enger Delta-II den 1. Juni 1990 an eng Ëmlafbunn an 580 km Héicht mat enger Inklinatioun vun 53° bruecht, a war bis den 12. Februar 1999 a Betrib. En hat déi ufanks op 5 Joer geplangt Missioun däitlech iwwerschratt. Zousätzlech zu engem véierfach geschachtelte Wolter-Teleskop (seng Spigelen hu laang als déi glaatst vun der Welt gezielt) am mëllen a mëttelhaarde Röntgenberäich war de ROSAT nach mat engem dräifach geschachtelte Wolter-Teleskop fir den Extremen Ultraviolett-Beräich (EUV-Beräich) ausgerëscht. D'Instrumenter hu verschidden Deelchenzieler ëmfaasst, en héichopléisenden Detekter fir Röntgen- an UV-Stralung (High Resolution Imager, HRI) an eng Wäitwénkelkamera (Wide Field Camera, WFC). De Satellit gouf vum DLR zu Oberpfaffenhofen bei München kontrolléiert. Déi wëssenschaftlech Féierung louch beim Max-Planck-Institut für extraterrestrische Physik ënner der Leedung vum Professor Joachim Trümper. De ROSAT gouf ënner der Systemféierung vun den Dornier-System GmbH zu Friedrichshafen ënner Bedeelegung vun der Carl Zeiss-Entreprise, der NASA a britteschen Entreprisë gebaut.

Mam ROSAT gouf de ganzen Himmel am Röntgenberäich duerchmustert. Et goufen dobäi 125.000 nei Röntgenquellen a 479 EUV-Quellen entdeckt.

Zu de wichtegsten Entdeckunge gehéieren d'Opléisung vun der kosmescher Röntgenhannergrondstralung an der Emissioun vu Quasaren an aneren aktive Galaxien, d'Entdeckung vun Neutronestären, déi nëmmen thermesch stralen, d'Röntgenstralung vum Koméit Hyakutake 1996 souwéi Dosenden nei Supernovareschter. Och konnt eng Röntgenquell op där Plaz vun der Supernova 1987A an der Grousser Magellanescher Wollek fonnt ginn. Och am Bléckfeld vum erfollegräiche Weltraumobservatoire stounge Galaxiëkéip, Röntgenduebelstären a Schwaarz Lächer. De ROSAT hat och entdeckt, datt den Äerdmound Röntgenstralung vun der Sonn reflektéiert.

1998 krut de ROSAT en ettlech Pannen, déi säi Gebrauch gestéiert hunn. De 25. Abrëll 1998 war de primäre Stäresensor ausgefall; déi doraus entstane Feelausriichtung hat zu Iwwerhëtzung duerch Sonnestralung gefouert. Den 20. September koum eng weider Stéierung derbäi. Nodeem den Dreifstoff fir d'Lagereegelung och bal verbraucht war, gouf de ROSAT den 12. Februar 1999 ofgeschalt. De Satellit war zu deem Zäitpunkt an engem lues offalenden Orbit.

Thumb
Buedemspuer vum ROSAT iwwer dräi Ëmleef
Thumb
ROSAT - eent vun de leschte Biller virum Neesantrëtt - 14. Okt. 2011
Remove ads

Literatur

  • Joachim Trümper Der Röntgensatellit Rosat, Physikalische Blätter, Band 46, 1990, S. 137-143, Online
  • Trümper Die Erkundung des Himmels mit dem Röntgensatelliten ROSAT, Physikalische Blätter, Band 47, 1991, S. 29-33, Online
  • Trümper ROSAT-Zwischenbilanz – ein neues Bild des Himmels, Physikalische Blätter, Band 50, 1994, S. 35-42, Online
  • Trümper Astrophysik: ROSAT und seine Nachfolger: Der Forschungssatellit ROSAT hat die Röntgenastronomie revolutioniert, Physikalische Blätter, Band 55, 1999, S. 45-49, Online
  • M. Sterzik Rosat und die Sternentstehung in der Milchstraße, Physikalische Blätter, Band 53, 1997, S. 539-541, Online
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: ROSAT – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads