Raf
Gestell fir Déieren ze fidderen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
E Raf (och alt eng Raf[1]) ass eng Konstruktioun am Form vun engem Reech oder enger Leeder, déi haaptsächlech an de Ställ, de laange Wee laanscht eng Mauer ubruecht ass, an déi geduecht ass fir Hee oder soss gedréchent Hällem wéi Stréi oder Bounestréi dran ze leeën, fir datt d'Béischten d'Fudder net viru sech um Buedem leien hunn, an et duerch Vertrëppele verbëtze kënnen.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat engem Raf fir Fudder. Fir déi verschidde Bedeitunge vun der Ofkierzung RAF, kuckt wgl. RAF. |

De Raf ass sou un der Mauer festgemaach, datt déi ënnescht Läischt widder der Mauer läit a sou verhënnert datt d'Fudder no ënnen erausrutsche kann. Déi iewescht Läischt ass ongeféier en hallwe Meter vun der Mauer ewech, fir datt vun uewe kann nogefëllt ginn.
A ville Ställ sinn dofir am Plaffong Liichten, sougenannt Rafelächer[1], fir datt d'Fudder direkt vum Heeknapp kann an de Raf gehäit ginn.
Remove ads
Ausdréck
Ausdréck an Zesummenhang mam Raf[1]:
- „Du kriss de Raf méi héich gehaangen“: et wäert een dir de Muttwëll schonn nach ausdreiwen;
- „Bei deene gëtt et net vill an de Raf“: bei deene gëtt et net vill z'iessen.
Um Spaweck
| Commons: Raf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
