Regierung Bech

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Regierung Bech koum zu Lëtzebuerg de 16. Juli 1926 nom Récktrëtt vun der Regierung Prüm an d'Amt.

Den 11. Abrëll 1932 an de 27. Dezember 1936 gouf se ëmgebilt. Nom Referendum iwwer dat sougenannt Maulkuerfgesetz, bei deem d'Majoritéit vun de Wieler dergéint gestëmmt haten, ass de Joseph Bech zeréckgetrueden.

Zesummesetzung

Vum 16. Juli 1926 bis den 11. Abrëll 1932

  • Joseph Bech (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, Bildung a Landwirtschaft
  • Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz an den Interieur
  • Albert Clemang (Lëscht vun de Lénksparteien): Generaldirekter fir Bauten, Handel an Industrie
  • Pierre Dupong (Rietspartei): Generaldirekter fir Finanzen, Sozialversécherung an Aarbecht

Regierungsréit

  • Antoine Funck
  • J.B. Mandy
  • J. Brücher
  • Jean Metzdorff
  • Ernest Goergen
  • Albert Wehrer
  • Ed. Oster

Vum 11. Abrëll 1932 bis de 27. Dezember 1936

  • Joseph Bech (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, Bildung a Landwirtschaft
  • Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz an den Interieur
  • Pierre Dupong (Rietspartei): Generaldirekter fir Finanzen, Sozialversécherung an Aarbecht
  • Étienne Schmit (Liberal): Generaldirekter fir Bauten, Handel an Industrie

Vum 27. Dezember 1936 bis de 5. November 1937

  • Joseph Bech (Rietspartei): Staatsminister, Regierungspresident, Minister fir Aussebezéiungen, Bildung a Landwirtschaft
  • Pierre Dupong (Rietspartei): Minister fir Finanzen, Sozialversécherung an Aarbecht
  • Étienne Schmit (Liberal): Minister fir Justiz a Bauten
  • Nicolas Braunshausen (Liberal): Minister fir den Interieur, Handel an Industrie
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads