Rëmerschen

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Schengen From Wikipedia, the free encyclopedia

Rëmerschen
Remove ads

Rëmerschen (lokal: Riemeschen[1]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Schengen.

op ee Bléck Rëmerschen Riemeschen, Aussprooch ...
Thumb
Rëmerschen vu Westen aus de Wéngerte gesinn
Thumb
D'Kellerei zu Rëmerschen
Remove ads

Vun der "Gemeng Rëmerschen" op d'"Gemeng Schengen"

Wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vu Schengen huet de Gemengerot a senger Reunioun vum 18. Januar 2006 decidéiert, eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng "Remerschen" a "Schengen" ëmzebenennen. Nom Gemengegesetz (Artikel 3) ass eng Ännerung vum Numm vun enger Gemeng nëmmen iwwer e Gesetz méiglech. De Gesetzesprojet dofir gouf vum Inneministère preparéiert an d'Chamber huet d'Gesetz den 13. Juli 2006 votéiert, wat den 30. August 2006 dunn am Mémorial A N° 150 verëffentlecht gouf. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.

Remove ads

Geschicht

Den Numm "Remsere" gëtt fir d'éischt am Joer 893 ernimmt. Am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt e sech no an no zu dem haitege "Remerschen".

An der Mëtt vun den 1970er Jore stoung Remerschen am Zentrum vun der politescher Debatt, well do geplangt war, eng Atomzentral ze bauen.

Kuckeswäertes

D'Birebamallee tëscht Rëmerschen an Elweng, d'Kierch Rëmerschen mat hirem ale Mobilier an d'Haus op Nr 88 an 88A an der Wäistrooss sinn als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Rëmerschen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads