René Deltgen - Der sanfte Rebell

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

René Deltgen - Der sanfte Rebell ass en Dokumentarfilm vum Michael Wenk aus dem Joer 2004.

Séier Fakten Film, Produktiounsland ...
Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

De Film ass en Documentaire iwwer de René Deltgen, ee vun de bekanntste lëtzebuergesche Schauspiller. Hien ass zu Lëtzebuerg wéinst senger Kollaboratioun mat dem däitsche Besatzer ëmstridden, mee hat eng laangjäreg an erfollegräich Filmkarriär an Däitschland.

Interviewt ginn ënner anerem de Götz George, d'Nadja Tiller, den Artur Brauner, de Michael Verhoeven, de Paul Lesch, de Jean-Paul Raths, d'Liselotte Pulver, d'Katharina Böhm an de Camillo Felgen.

Den Erzieler an der däitscher Versioun ass de Rolf Becker. De Jules Werner ass ee vun den Erzieler an der englescher Versioun.

Remove ads

Produktioun

De Film gouf tëscht Februar 2002 a Juni 2003 gedréint.[1]

En hat seng Première de 17. November 2004 am Utopolis an ass dräi Deeg méi spéit op DVD eraus komm.[1] Deen DVD hat ufanks eng Oplag vun 1.000 Stéck, mee déi war esou séier ausverkaaft, datt de Centre national de l'audiovisuel (CNA) am selwechte Joer nach eng Kéier 1.000 weider Kopien op de Maart bruecht huet.[2]

Den 4. Abrëll 2008 gouf e fir d'éischt op der däitscher Tëlee gewisen, um ZDF Theaterkanal.[1]

Remove ads

Kuckt och

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads