Riddo

From Wikipedia, the free encyclopedia

Riddo
Remove ads

Eng oder e Riddo[1], och nach Rido[2] oder Rideau[3] geschriwwen, ass generell e Stoft deen un enger Staang (der Riddosstaang) virun enger Fënster an engem Banneraum hänkt. Et kann ee se beweegen an domat d'Fënster verdecken oder fräiloossen. Hiren Zweck ass et, de Raum méi däischter ze maachen, d'Sonn oder de Wand net eranzeloossen oder ze verhënneren datt ee vu bausse kann erakucken.

Thumb
Eng Fënster mat zwéin däischtere Lambrequinen op de Säiten an enger wäisser duerchsiichteger Riddo iwwert d'ganz Breet

Eng Riddo kann och einfach als Dekoratioun virun oder nieft enger Fënster hänken.

An anere Kontexter fënnt een aner Typpe Riddoen. Am Buedzëmmer blockéiert d'Duschriddo d'Waasser, dat soss aus der Dusch géif sprutzen oder lafen. Am Theater an och heiansdo am Kino gëtt et eng Riddo virun der Bün déi virun an no der Virstellung op- an zougeet.

Remove ads

Kuckt och

Referenzen

  1. De Begrëff ass souwuel e Maskulinum wéi och e Femininum
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads