Rimm (Gezei)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Rimm (Gezei)
Remove ads

E Rimm ass e Band, deen een ëm d'Hëften oder d'Taille dréit. Säin Zweck ass et, déi verschidde Kleedungsstécker besser zesummenzehalen (zum Beispill d'Box oder de Rack). Et kann een de Rimm awer och einfach als moudeschen Accessoire undoen oder fir en anere Géigestand dru festzemaachen.

Thumb
E schwaarze Rimm aus Lieder

Um Rimm ass eng Block mat där een de Rimm fixéiert a méi oder manner enk mécht. Meescht ass de Band aus festem a resistente Material, wéi zum Beispill Lieder, an d'Block aus Metall.

Bei Uniforme gëtt de Rimm, deen am Asaz gedroe gëtt, Koppel genannt.

Thumb

E Rimm gëtt och heiansdo benotzt, fir aner Leit domat ze schloen.

Remove ads

Kuckt och

  • Brëtellen

Um Spaweck

 Commons: Rimmen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads