Roudemaacher

franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Roudemaacher
Remove ads

Rodemack (op Lëtzebuergesch: Roudemaacher, op Loutrengesch: Ruedemaacher, ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Méi Informatiounen Rodemacklb: Roudemaacher, Kanton ...

Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen gehéiert, huet 1131 Awunner (Stand 2014).

Well d'mëttelalterlech Bausubstanz zimmlech gutt erhalen ass, gëtt Roudemaacher och dat "klengt loutrengescht Carcassonne" genannt. Roudemaacher zielt zum Veräin vun de schéinsten Dierfer a Frankräich.

Remove ads

Nopeschuertschaften

  • Halling am Norden
  • Évange am Süden
  • Ésing am Westen (gehéiert zu der Gemeng Roudemaacher)

Verkéier

Bis 1934 war Roudemaacher mat enger Schmuelspuerbunn de Jängelchen op der Streck Diddenuewen-Munneref un d'franséischt an un d'lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ugeschloss. D'Gebai vun der Gare steet nach an der Sortie vu Roudemaacher nieft dem Pompjeesschapp.

Literatur

  • Alain Atten, Rodemack et son château ; in: Les Cahiers lorrains, n° 24 / 1979.
  • Nicolas Ries, Rodemack en Lorraine ; in: Les Cahiers luxembourgeois, 6 / 1933.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Roudemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads