Lëscht vun de Staate vun der Welt

Wikimedia-Lëschtenartikel From Wikipedia, the free encyclopedia

Lëscht vun de Staate vun der Welt
Remove ads

Dës Lëscht vun de Staate vun der Welt ass en Deel vun de Referenztabellen a weist déi aktuell 205 Länner vun der Welt mam kompletten Numm, der Memberschaft an der Europäescher Unioun oder der Afrikanescher Unioun, der Haaptstad, der Bevëlkerung an der Fläch. Se begräift:

  • 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen (VN),
  • 2 net-Memberen: Palestina an d'Vatikanstad, déi awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) hunn,
  • 10 Staaten, Natiounen, Länner oder Gebidder, deenen hir Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Thumb
Weltkaart mat alle Staate vun der Welt
Remove ads

Bemierkungen

Staaten

De Vereenten Natiounen no, hunn aktuell 195 Länner de Statut fir vëlkerrechtlech als „Staat“ unerkannt ze ginn: déi 193 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen, den Hellege Stull (Vatikanstad) a Palestina. Fir zéng aner Territoiren ass de Statut ëmstridden, woubäi zwee vun dëse Gebidder sech an enger fräier Associatioun mat engem anere Staat autonom verwalten (d'Cookinselen an Niue mat Neiséiland).

Haaptstied

A verschiddene Länner sinn d'Haaptstad an de Regierungssëtz getrennt, wéi z. B. an Holland: Amsterdam ass de jure d'Haaptstad, awer de Regierungssëtz ass de facto zu Den Haag. Eng änlech Situatioun gëtt et op der Côte d'Ivoire, wou Yamoussoukro zënter Mäerz 1983 offiziell d'Haaptstad ass, déi meescht Regierungsbüroen an Ambassaden awer nach ëmmer an der fréierer Haaptstad Abidjan sinn, wat domat de facto de Regierungssëtz an de politeschen Zentrum vum Land bleift.

Aner Staaten hunn nëmmen eng de facto Haaptstad: Monaco, Nauru, d'Schwäiz, Singapur a Vatikanstad hu keng de jure Haaptstad.

D'Situatioun am Jemen ass problematesch. Sanaa ass de jure d'Haaptstad; nodeems d'Stad 2015 vun den Houthi-Rebelle besat gouf, ass den deemolege President op Aden geflücht an huet d'Stad zur interim-Haaptstad erkläert.

Och an Israel ass d'Situatioun komplizéiert. Iwwerdeems Israel dat nees vereenegt Jerusalem zënter 1980 als Haaptstad bezeechent (Jerusalemgesetz), huelen déi meescht Staaten d'Ausdeenung vun de Stadgrenze bis op Ostjerusalem net un an dofir sinn déi meescht auslännesch Ambassaden zu Tel Aviv. D'Parlament an d'Regierung hunn hire Sëtz awer zu Jerusalem.

Palestina bezeechent Ostjerusalem als seng Haaptstad, Ramallah ass awer de Sëtz vun der Regierung.

A Japan dogéint gëtt et eng Partikularitéit: d'Stad Tokio gouf 1943 opgeléist, an d'Haaptstadfunktioun ass vun den 23 Quartiere vun Tokio - déi als onofhängeg Stied ugesi ginn - iwwerholl ginn. Do dernieft ass et net kloer, ob Tokio och déi de jure d'Haaptstad ass, well d'Haaptstad ni explizitt oder offiziell vu Kyōto op Tokio gouf.

Awunnerzuelen

D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.

Fläch

Fir déi jeeweileg Fläche matenee vergläichen ze kënnen, gouf eenheetlech d'CIA World Factbook benotzt. Wann déi Donnée net disponibel war, ass déi spezifesch Quell uginn.

Remove ads

Lëscht vun de Staaten

Méi Informatiounen Nr, Staat oder Territoire ...
Remove ads

Kuckt och

Referenzen an Notten

  1. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  2. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  3. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  4. Memberschaft aktuell suspendéiert
  5. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  6. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
  7. Anescht wéi d'AU als Ganzt, erkennt d'Majoritéit vun de Memberstaaten d'Republik net un (just 19 AU-Staaten erkennen s'un, 17 weiderer hunn hir ursprénglech Unerkennung zeréckgezunn). D'Gebitt ass bal komplett ënner der Kontroll vu Marokko.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads