Rollstull
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
E Rollstull (och alt Rullstull oder Rullweenchen) ass en Hëllefsmëttel fir Leit, déi net oder nëmme schlecht goe kënnen an hinnen et erméiglecht, sech fortzebeweegen.
Vum Prinzip hir ass et eng Fotell, déi op Rieder (gewéinlech 4) montéiert ass, an déi entweeder duerch déi betraffe Persoun selwer, sief et duerch Muskelkraaft an den Äerm, sief et duerch d'Steiere vun engem Motor; oder awer duerch eng zweet Persoun, déi de Rollstull dréckt, virubeweegt gëtt.
Remove ads
Geschicht
De Kinnek Philipp II. vu Spuenien hat 1595 e Rollenstull mat enger Fouss- an enger Réckstäip, déi verstallt konnt ginn. De geläämten Aueremécher Stephan Farfler huet 1655 deen éischte Rollstull gebaut, deen ee selwer undreiwe kann. 1869 gouf an den USA dat éischt Patent fir e Rollstull enregistéiert.[1]
- E Rollstull vu 1420, dee mat Seeler gezu gouf
- Dem Philipp II. säi Rollstull, 1595
- Dem Farfler säi Rollstull, 1655
- E Spidools-Rollstull vu virun 1914
- Elektresche Rollstull fir zesummenzefalen, Enn 1960er Joren
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Rollstill – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads