Rooibos

From Wikipedia, the free encyclopedia

Rooibos
Remove ads

Rooibos (Aspalathus linearis) ass eng Planz aus Südafrika, déi zu de Scheekefriichte (Fabaceae) gehéiert. Zanter uganks der 1990er-Joren ass se als Friichtentéi-Planz beléift ginn. Rooibos wiisst nëmmen an den Cedar-Bierger am Südweste vu Südafrika.

op ee Bléck Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...
Remove ads

Kennzeechen

Rooitrauschtéi besteet aus de fermentéierten an gedréchenten Blieder a Stiler vum Aspalathus linearis Et ass en Opgossgedrénks, enthält awer keen Teein an och wesentlech manner Gierfstoffer wéi de Schwaarzen Téi.

Gebrauch

Dacks gëtt den Téi och verkaaft als "Roudtrauschtéi" oder "Rooitrausch". Den Numm Rooibos staamt aus dem Afrikaans a bedeit rouden Trausch. Am Handel sinn hautdesdaags villerlee natierlech oder kënschtlech aromatiséiert Zorten ze fannen, wéi Rooibos-Vanill-Téi oder Rooibos-Orange-Téi.

Anescht wéi am schwaarzen oder am gréngen Téi ass am Rooibostéi kee Koffein a wéineg Gierfstoffer, soudatt et net zu Schlofproblemer wéinst dem Téi komme kann.

Thumb
Rooibosplanz, Clanwilliam, Südafrika
Thumb
Rooibos, Clanwilliam, Südafrika
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Aspalathus linearis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads