Rosalind Franklin

brittesch Cheemikerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Rosalind Franklin
Remove ads

D'Rosalind Elsie Franklin, gebuer de 25. Juli 1920 zu Notting Hill, a gestuerwen de 16. Abrëll 1958 zu Chelsea, war eng brittesch Molekularbiologin, där hir Aarbecht haaptsächlech zur Entdeckung vun der DNS-Struktur bäigedroen huet.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
Erënnerungsplack am Donovan Court zu Chelsea
Remove ads

Liewen a Wierk

D'Rosalind Franklin gouf zu Notting Hill, London, an enger aflossräicher jiddesch-brittescher Famill gebuer. Hire Papp war den Arthur Ellis Franklin, e Londoner Geschäftsmann an hir Mamm war d'Muriel Frances Waley. D'Rosalind war déi eelst Duechter an dat zweet vun am Ganze fënnef Kanner.

Nodeem si 1945 hiren Doktorat an der Physik an an der Chimie zu Cambridge gemaacht huet, huet si vun 1947 bis 1950 a Frankräich am zentrale staatleche Chimieslaboratoire geschafft, wou si vill iwwer d'Kristallstrukturanalyse geléiert huet.

1951 krut si eng Plaz um King's College zu London  wou si ënner dem John Turton Randall weider gefuerscht huet. De Randall hat awer Problemer d'Rosalind Franklin als gläichgestallt Kolleegin unzegesinn an et koum den Androck op, si wier just seng Assistentin.

D'Rosalind Franklin ass virzäiteg am Joer 1958 un engem Ovarialkarzinom (Eeërstack-Kriibs) gestuerwen.

Et gëllt haut als sécher, datt der Franklin hir Aarbecht eng wesentlech Grondlag fir d'Bestëmmung vun der DNS-Struktur geliwwert huet an datt et ouni hir Röntgenbeugungsdiagrammer an hir Analysen dozou méi laang bis zu der Entdeckung gedauert hätt.

Den Nobelpräis - deen zanter 1974 nëmmen nach Persounen iwwerreecht gëtt déi nach liewen - kruten 1962 de James Dewey Watson, de Francis Crick an de Maurice Wilkins "fir d'Entdeckung vun der Molekularstruktur vun den Nukleinsaieren an hir Bedeitung fir d'Weidergi vun Informatiounen an de Liewewiesen". Typescherweis hunn de Watson an de Crick an hire Riede bei der Iwwerreechung vum Nobelpräis d'Rosalind Franklin, déi véier Joer virdru gestuerwe war, mat kengem Wuert ernimmt.

Remove ads

Auszeechnungen

2008 huet si posthum den Éiere-Horwitz-Präis (Honorary Horwitz Prize) kritt.

No hir genannt

Als Unerkennung un d'Rosalind Franklin goufen ë. a. no hir genannt:

Referenzen an Notten

    Kuckt och

    Literatur

    Um Spaweck

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads