Rotonden

fréier Lokomotivschäpp From Wikipedia, the free encyclopedia

Rotonden
Remove ads

D'Rotondë vum CFL zu Bouneweg sinn zwee ronn Gebaier mat engem Duerchmiesser vu jee 52 Meter an enger Héicht vu 15 Meter. Si goufen am Joer 1877 fir den Ënnerhalt vun den Damplokomotive gebaut. A jiddwer Rotonde war Plaz fir 18 Stéck.

op ee Bléck Land, Gemeng ...

Am Joer 1907 ass en neie Reparaturatelier fir Lokomotiven um Houwald opgaangen an d'Rotondë sinn net méi fir hiren eigentlechen Zweck gebraucht ginn.

1991 goufen déi zwou Rotonden als national Monumenter klasséiert.[1]

Déi südlech Rotonde gouf bis 1999 als Lager vum CFL benotzt wärend déi nërdlech bis 2006 als Busgarage gebraucht gouf.

Am Kulturjoer 2007 gouf et an den zwee Gebaier kulturell Aktivitéiten; an där südlecher war e klenge Restaurant.

Duerno stounge se eidel, bis 2010 d'Bauverwaltung chargéiert gouf, se, fir e Budget vu 16 Milliounen Euro, komplett fir kulturell Aktivitéiten an d'Rei ze setzen. Dat geschouch, wéi d'Pläng bis stoungen, vun 2013 un.[2]

  • D'Rotonde 1 krut Gradine fir 350 Leit ageriicht, mat an der Mëtt enger Bün. Do gëtt et weiderhi Plaz fir Ausstellungen;
  • An d'Rotonde 2 kënnt, an enger Holzstruktur, den'"Exit07" (e Bistro mat Concertssall)
  • Déi zwou sinn duerch eng sougenannt Container-City verbonnen, mat Theater, Proufsäll an engem Studio vum Radio Ara.[3]

Den 13. Juni 2015 war d'(Re-)ouverturesfeier.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Rotonden zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Rotondes: Aarbechten si bal ofgeschloss." Vidoe op tele.rtl.lu 04.05.2015.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads