Roude Schéierschwanz

Vullenaart aus der Famill vun den Accipitridae From Wikipedia, the free encyclopedia

Roude Schéierschwanz
Remove ads

De Roude Schwéierschwanz oder Roude Milan (Milvus milvus) ass e Gräifvull aus der Famill vun den Accipitridae. D'Aart ass iwwer ganz Europa verbreet. Zu Lëtzebuerg ass se mat ronn 90 Bruttkoppele vertrueden (Stand 2015). Hien huet e breede, liicht konkave Fiederschwanz.

Méi Informatiounen Aner Sproochen:, Systematik ...
Thumb
En Ee vum Schéierschwanz
Remove ads

Beschreiwung

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Brutt

Kascht

Zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass de Roude Schéierschwanz iwwer d'ganzt Land verbreet, wou en tëschent Abrëll a Juli britt. Duerno verloosse se hiert Bruttgebitt fir op der ibeerescher Hallefinsel z'iwwerwanteren.[1] Ausnamsweis sinn awer och vereenzelt Exemplaren am Wanter ze gesinn: dat si Vullen aus nordëstleche Géigende vun Europa, déi iwwer Lëtzebuerg zéien oder am Land de Wanter oder en Deel vum Wanter verbréngen[1]

Zanter 1997 gëtt zu Lëtzebuerg d'Bruttpopulatioun vum Roude Milan systematesch ënnersicht. Dobäi gouf festgestallt, datt d'Zuel vun de Bruttterritoiren − d. h. Gebidder an deenen en Horst oder awer eng Bruttkoppel vum Roude Milan gesi gouf − vu 46 (1997) op 90 (2015) geklommen ass.[2] D'Zouhuelen ass net op eng geographesch Ausbreedung zeréckzeféieren, mä op eng Verdichtung vun de Bruttgebidder déi scho virdru besat waren.[2]

Et gëtt ugeholl, datt de Roude Milan zu Lëtzebuerg vun der intensiver Exploitatioun vun de Méiwise profitéiert, well déi Wise wéinst der Produktioun vu Silofudder dacks geméit ginn, fënnt de Roude Milan do räiche Kascht, virun allem blesséiert oder doudeg Mais, Vullen a wierbellos Déieren, dat besonnesch wärend der Zäit an där déi Jonk gefiddert ginn. Do wou d'Wisen an Akerland transforméiert ginn, hëlt d'Populatioun vu Roude Milanen of.[2]

Gefore fir de Roude Milan si virun allem d'Pestiziden an der Landwirtschaft an d'Wandrieder fir d'Produktioun vun elektreschem Stroum. De Monitoring vum Roude Schwéierschwanz gëtt paralell zur Konstruktioun vu Wandmilleparken am Éislek realiséiert.

Am Summer 2012 gouf an der Gemeng Wëntger engem Weibchen e Sender ugehaangen, fir säi Juegdgebitt an och d'Zuchweeër ze verfollegen. Dat Weibchen huet sech bis 2015/2016 all Wanter an der selwechter Géigend op der spuenesch-portugisescher Grenz opgehalen, fir duerno a säi Bruttgebitt op Lëtzebuerg zeréckzefléien. 2015 krute fënnef aner Weibercher e Sender am Éislek ugehaangen.[3]

Remove ads

Literatur

  • Lorgé, P. & E. Melchior, 2015. Vögel Luxemburgs. 9. Editioun erausgi vun natur&ëmwelt. Roude Schéierschwanz: S. 78.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Roude Schéierschwanz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Vögel Luxemburgs S. 78
  2. Bastian, M., 2015. Soaring kites in Luxembourg... for how much longer? Programm a Resumeeë vun der 33e réunion annuelle des collaborateurs scientifiques du Musée national d'histoire naturelle vum 19. Mäerz 2016.
  3. Centrale ornithologique Luxembourg, 2016. Eine Schwalbe macht noch keinen Sommer. regulus zäitschrëft fir natur&ëmwelt 1/2016, S. 13.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads