Routeech

From Wikipedia, the free encyclopedia

Routeech
Remove ads

D'Routeech, Quercus rubra, ass e Bam aus der Gattung vun den Eechen (Quercus), dee vun Natur aus am ëstlechen Nordamerika vun der Ostküst bis un de Rand vun der Prärie virkënnt.

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...

Et ass e Bam dee méi séier wéi déi europäesch Eeche wiisst, a gëtt zanter 1840 mat Erfolleg an Europa ugeplanzt.

Remove ads

Quercus borealis var. maxima

De Quercus borealis var. maxima Marsh. ass eng Varietéit vun der Routeech aus dem Süde vun den USA. Si ënnerscheet sech doduerch dat hir Blieder hänken a méi déif ageschnidde sinn, op all Säit 6 Läppercher hunn, a méi grouss Eechelen droen.

Zuuchtformen

Eng bekannt Zuuuchtform ass de Quercus rubra forma aurea, där hir jonk Blieder intensiv goldgiel sinn. Am Laf vum Summer verblatzen se e bësselchen a kënne gréng Faarftéin kréien.

Aarten déi der Routeech gläichen

Zu den Aarten déi der Routeech gläichen[1] gehéieren d'Suppeneech (Quercus palustris), d'Fierwereech (Quercus velutina) an d'Scharlacheech (Quercus coccinea).

Routeechen zu Lëtzebuerg

Déi bekanntst Routeechen zu Lëtzebuerg sinn déi sechs Prinzessinnen-Eechen am Gréngewald.

Referenzen

  1. Alan Mitchel. Die Wald- und Parkbäume Europas. Paul Parey Verlag. Säit 243.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads