Ruby Bridges

From Wikipedia, the free encyclopedia

Ruby Bridges
Remove ads

D'Ruby Nell Bridges (bestuet: Ruby Bridges Hall), gebuer den 8. September 1954 zu Tylertown am Mississippi, ass eng US-amerikanesch Fra, déi bekannt ass well si als éischt afro-amerikanescht Kand 1960 an eng Schoul gaangen ass, déi bis dohin exklusiv fir "wäiss" Kanner war. Kuerz virdru war d'Segregatioun an de Schoulen offiziell an Amerika opgehuewe ginn. Fir hiren éischte Schouldag gouf se vun Agente vun der federaler Police an d'Schoul eskortéiert. Déi ware vum President Dwight David Eisenhower dohigeschéckt ginn, well eng ganz Rëtsch vu Manifestante virum Gebai géint d'De-Segratioun protestéiert hunn.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

D'Fotoen dovun, an och e Bild vum Norman Rockwell (The Problem We All Live With, 1964), dat dorop baséiert, si wäit bekannt ginn. All aner Kanner goufe vun hiren Elteren aus der Klass geholl, an all Schoulmeeschteren a Léierinnen, bis op eng, hu refuséiert, dem Ruby Unterrecht ze ginn. Méintelaang huet et misse rassitesch Jäizereien a Menacen iwwert sech ergoe loossen. Säi Papp huet seng Aarbecht verluer. Eréischt no an no huet d'Situatioun sech normaliséiert.

D'Ruby Bridges huet spéiderhin e puer Wierker iwwer sech an hir Erliefnesser publizéiert:

  • Through My Eyes, New York 1999;
  • Ruby Bridges Goes To School: My True Story, New York 2009;
  • This Is Your Time, New York 2020.

Si krut eng ganz Rëtsch Éierungen; zu Esch-Uelzecht gouf am Mäerz 2025 e Fousswee beim Generatiounecampus Wobrécken Chemin Ruby-Bridges genannt.[1]

Remove ads

Galerie

Um Spaweck

 Commons: Ruby Bridges – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads