Rudolph Bergh

dänesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia

Rudolph Bergh
Remove ads

De Rudolph Bergh, gebuer den 22. September 1859 zu Kopenhagen, a gestuerwen de 7. Dezember 1924 zu Davos, war en dänesche Komponist.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

De Schüler vum Heinrich von Herzogenberg a vum Heinrich van Eyken huet déi meescht Zäit vu sengem Liewen an Däitschland verbruecht. Vun 1903 bis 1919 huet en zu Berlin an zu Godesberg gelieft. No sengem Retour op Kopenhage gouf en 1922 Member vum Directoire vum Conservatoire.

De Bergh huet eng ganz Rei Stécker komponéiert; dorënner:

  • Requiem für Werther. op.32 fir gemëschte Chouer, Altsolo an Orchester, 35 Minutten, Text vun der Ricarda Huch.
  • Geister der Windstille fir Chouer, Alt- an Tenorsolo an Orchester,
  • Tragische Symphonie. op.50 vum 19. Januar 1905
  • Asche der Ehe, op. 45, no. 4 "Uns Eva spann und Adam grub" vum Juni 1914, Texter vun der Leonie Meyerhof-Hildeck, zougeeegent "Meinem lieben Sohn Erwin"
  • e Sträichquartett, eng Geiesonat, Chouerwierker an eng sëllege Lidder.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Rudolph Sophus Bergh – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads