Rue Beck

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Rue Beck
Remove ads

D'Rue Beck ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft a Süd-Nord vum Piquet bis an d'Groussgaass. Se läit tëscht der Aldringerstrooss am Westen an der Philippsgaass am Osten.

op ee Bléck Lëtzeb. Numm, Ënnerhal vu(n) ...
Remove ads

Geschicht

An der spuenescher Zäit (1674) stoung an der haiteger Beckstrooss - tëscht der Groussgaass (deemools Arsenalstrooss), der Aldringerstrooss an dem Piquet - déi deemoleg Artilleriekasär. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick an eng Handwierkerschoul dran.

D'Strooss gouf 1674 ugeluecht, zesumme mam Bau vun der Kasär. Se krut den Numm duerch eng Decisioun vum Stater Gemengerot vum 1. Juni 1854, déi de 16. Mee 1925 confirméiert gouf[1]. Den Odonym geet zeréck op de Baron Jean Beck, en Arméisoffizéier a Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny.

Remove ads

Biller

Um Spaweck

 Commons: Rue Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Rue Beck op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt de 16. Februar 2020
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads