Saccharos

cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia

Saccharos
Remove ads

Saccharos oder Haushaltszocker oder wéi am allgemenge Gebrauch einfach Zocker (ital.: zucchero, arab.: sukkar, aalind.: sarkara).

Méi Informatiounen Eegenschaften, Léislechkeet ...
Remove ads

Geschicht

Fréier gouf meeschtens mat Hunneg (Europa) an Zockerrouerjus (Indien) geséisst. Et gëtt ugeholl, datt d'Verfare fir den Zockerrouerjus an Zocker ze kristalliséieren am 4. Joerhonnert no Christus an Indien entwéckelt gouf. Iwwer arabesch Händler koum dunn dëst Wëssen eriwwer an Europa a vun do aus an déi verschidden europäesch Kolonien, wou du grouss Zockerrouerplantagen entstane sinn.

Zocker war am Ufank haaptsächlech en Heel- a Stäerkungsmëttel an huet sech eréischt méi spéit als Genossmëttel entwéckelt.

An der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf dunn den Zocker aus Zockerrommele gewonnen a gouf am 19. Joerhonnert zu engem groussen Industriesecteur ausgebaut.

Remove ads

Eegenschaften

An der Chimie ass et d'Bezeechung fir kristallesch, waasserléislech a meeschtens séiss Kuelenhydraten a gehéiert zu den Einfachzockeren an Oligosacchariden, wat déi allgemeng Bezeechnung vun der Saccharos ass, en Zweefachzocker. Si besteet aus engem Moleküll α-D-Glukos an engem β-D-Fruktos.

Virkommen

Saccharos kënnt a ville Friichten- a Planzejuse vir a gëtt haaptsächlech aus Zockerrouer, Zockerrommelen, Zockerahorn an der Zockerpalm gewonnen. De Grondstoff aus dëse Planze gëtt fir d'Zockerproduktioun benotzt.

Zorten

Zockerzorte ginn am Allgemengen nom Ausgesinn ënnerscheet:

  • den Haushaltszocker (Saccharos): ass dee bëllegsten an einfachsten Zocker an ass net sou reng wéi de wäissen Zocker.
  • de wäissen Zocker: ass rengen Zocker deen eng ganz gutt Qualitéit huet.
  • de brongen Zocker: schmaacht méi kräfteg a gëtt aus karamellhaltegem Zockersirup hiergestallt.
  • de Pudderzocker: ass gemuelene wäissen Zocker.
  • den Kristallzocker: ass déckkärege wäissen Zocker.
  • de Geléierzocker: wäissen Zocker gëtt mat Pektin an Zitrounen-- oder Wäisaier versat a gëtt benotzt fir z. B. Gebeess ze machen.
  • den Amachzocker: ass déckkärege wäissen Zocker dee fir d'Amaache vu Friichte benotzt gëtt.
  • de wäisse Kandiszocker: sinn déck Kristaller déi aus rengen Zockerléisunge ganz lues kristalliséiert ginn.
  • de bronge Kandiszocker: en ass d'selwecht wéi dee wäissen, just datt do nach karamelliséierten Zocker dobäi kënnt.
  • den Invertzocker: do gëtt bei der Saccharos nach duerch en Zousatz vu Saier d'Glukos an d'Fruktos opgespléckt a gëtt haaptsächlech zur Hierstellung vu Kamelle gebraucht.
Remove ads

Gesondheetswäert

Bei der Verdauung gëtt den Zocker a seng Bestanddeeler zersat: an d'Glukos an an d'Fruktos. Hien huet guer keng Mineralstoffer oder Vitaminnen, mä e ganz héijen Energiegehalt. Den Nährwäert vun 1 g Zocker läit bei 4 kcal. Den Zocker verursaacht Karies, well en duerch seng pecheg Eegenschafte laang un den Zänn hänke bleift.

Thumb
Zockerkonsum an Däitschland

Bedeitung a Gebrauch vum Zocker

Weltwäit ginn all Joer bal 90 Milliounen Tonnen Zocker hiergestallt. An den Industrielänner gehéiert en zu de Grondernierungsmëttelen. Vun de Kuelenhydrater ginn eleng 28 % a Form vun Zocker konsuméiert. 12 % vun der Energiezoufuhr staamt vum Zocker. Zocker gëtt benotzt fir Gedrénks wéi Kaffi oder Téi ze séissen an ass a ville Liewensmëttelle wéi am Schokola oder a Bakwueren ze fannen.

Remove ads

Kuckt och

Zockerausstauschmëttel

Um Spaweck

 Commons: Sucrose – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads