Mediahuis Luxembourg

Verlagshaus zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Mediahuis Luxembourg
Remove ads

Mediahuis Luxembourg ass e Multimedia-Verlagshaus zu Lëtzebuerg. Et ass 1887 als Sankt-Paulus-Verlag gegrënnt ginn[3],[4] an housch bis den 20. Juni 2021 Saint-Paul Luxembourg.

Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...

De 24. Abrëll 2020 huet déi belsch Mediahuis NV d'Kapital vu Saint Paul Luxembourg iwwerholl.[5],[6],[7],[8]. Den 19. Juli 2021 gouf den Numm offiziell op Mediahuis Luxembourg ëmgeännert[9]

Zu de bekannte Publikatiounen zielt d'Luxemburger Wort, déi eelst Dageszeitung zu Lëtzebuerg.

De Verwaltungssëtz war uganks zu Gaasperech an duerno um Houwald. Zanter dem 1. Dezember 2022 ass en am Heintz-Van-Landewyck-Gebai an der Hollerecher Strooss an der Stad[10].

Remove ads

Produkter

Zeitungen an Noriichteportaler

Nieft dem Luxemburger Wort gëtt Mediahuis Luxembourg haut d'Wochenzeitung Contacto an d'Zäitschrëften Télécran, Decisão an Auto Moto eraus.

D'Editioun vun der Gratiszeitung Point24 (an dräi Sproochen) gouf Enn 2012 no fënnef Joer agestallt, déi vun der franséischsproocheg Dageszeitung Voix du Luxembourg ee Joer virdrun.

Online gehéiert Mediahuis Luxembourg d'Websäit wort.lu op däitsch, franséischt a portugisesch[11] an dat engleschsproochegt Noriichteportal Luxembourg Times (luxtimes.lu).

Radio

Mediahuis ass den Haaptbedreiwer vum portugiseschsproochege Radiosender Radio Latina. Dem Grupp säi fréiere Sender DNR huet den 31. Mäerz 2014 opgehale mat senden.

Internetsäiten

D'Annoncewebsäiten mystuff.lu (Verkaf vun Alldagsgéigestänn), jobfinder.lu (Jobportal) a wortimmo.lu (Immobilieportal) gehéieren och zum Grupp.

Librairien

Mediahuis ass de Besëtzer vun der Bicherbuttekschaîne Libo, zu där an hire beschte Jore bis zu sechs Geschäfter gehéiert hunn. 2019 goufen et just nach eng Libo-Librairie zu Dikrech an eng zu Gréiwemaacher.

Dréckerei a Verlag

Zur Grupp gehéieren och eng Dréckerei, d'Imprimerie Saint-Paul, mam Reliuresatelier Reliure Saint-Paul.

De Verlag Éditions Saint-Paul, dee vun Ufank u bestanen huet, huet op den 1. Januar 2020 seng Dieren zou gemaach[12].

Remove ads

Management

Gestioun

Virun der Reprise duerch Mediahuis[6][7] war d'Mammenhaus vu Saint-Paul d'Lafayette SA, eng Gesellschaft, déi 1937 gegrënnt gouf[13] an déi als Zil huet den ekonomesche Patrimoine vum Bistum ze geréieren.

Verwaltungsrot

D'Presidentin vum Verwaltungsrot ass zanter dem Juli 2021 d'Martine Reicherts.[14]

Fréier Verwaltungsrotcheffe waren:

Generaldirekteren

Zënter dem 1. September 2013 ass de Paul Peckels de Generaldirekter vum Grupp[17].

Fréier Generaldirektere waren:

Remove ads

Literatur

  • Georges Hellinghausen: Weit über ein Jahrhundert Success Story, 125 Jahre "Saint-Paul Luxembourg, Vom Druckereibetrieb und Verlegerhaus zum Multimedia-Unternehmen, in: Luxemburger Wort, 14.02.2012, S. 4.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Compte-Rendu vun der Generalversammlung vu Saint-Paul Luxembourg S.A. am Joer 2009; Mémorial C — N° 241, 4. Februar 2010
  2. Presentatioun vu Saint-Paul Luxembourg op paperjam.lu
  3. Charles Jourdain: 100 Joër Sank Paulus Dréckerei 1887-1987 (Buch, gekuckt den 3. Juli 2019)
  4. Roland Arens, "Eine neue Zeit". Luxemburger Wort 28.4.2020
  5. Mediahuis Luxembourg S.A., B243490, CONSTAT DE TRANSFERT DE SIEGE SOCIAL, lbr.lu
  6. Déi portugisesch Editioun ass zwar ënnert wort.lu ze fannen, dréit awer de Logo vu Contacto.
  7. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert B3042; publizéiert am Memorial C Nr 20 den 12. Mäerz 1937
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads