Schell

From Wikipedia, the free encyclopedia

Schell
Remove ads

Eng Schell ass e Geschier oder en Apparat, deen Téin vu sech gëtt fir eppes ze signaliséieren. E besteet aus engem Resonanzkierper dee meeschtens aus Metall besteet, an engem Hummer, dee widder de Resonanzkierper geschloe gëtt fir sou Schwingungen ze produzéieren déi een als Toun héiere kann.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Warngeschier Schell. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schell (Homonymie).
Thumb
Eng Hausschell

Et kann een ënnerscheeden tëscht manuellen an elektresch bedriwwene Schellen. Bei deene manuelle gëtt den Hummer mat Hëllef vun enger mechanescher Virriichtung meeschtens e puermol géint de Resonanzkierper geschloen. Bei enger elektrescher Schell gëtt déi Funktioun vun engem Elektromagnéit iwwerholl, deen duerch en Taster ausgeléist gëtt. De Stroum kënnt entweeder vum Stroumnetz oder vu Batterien.

Schelle kann een och ënnerdeelen, jee nodeem wou se benotzt ginn. Vëlosschelle sinn um Vëlo fir datt de Vëlosfuerer d'Passante ka warnen. Anerer sinn nieft enger Entréesdier fir datt de Visiteur seng Presenz kann ukënnegen.

Remove ads

Kuckt och

  • Klack
  • Schellebam
  • Wecker

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads