Schlagoder

Bluttgefääss, déi d'Blutt vum Häerz fortfiert From Wikipedia, the free encyclopedia

Schlagoder
Remove ads

Eng Schlagoder, Arteerie oder Arterie (gr: ἀρτηρία, artēríā), ass e Bluttgefääss am Kierper vum Mënsch a vu villen Déieren, an deem d'Blutt vum Häerz fort fléisst. D'Blutt fléisst zu engem oder méi Kierperdeeler, wéi zum Beispill zum biologeschen Tissu, zu de Longen oder zum Gehier. Déi meescht Arteerien transportéiere sauerstoffräicht Blutt; déi zwou Ausname sinn d'Longeschlagoder an d'Nuebelschlagoder, déi sauerstoffaarmt Blutt zu den Organer féieren, déi et mat Sauerstoff uräicheren (d'Long beispillsweis d'Plazenta).

Thumb
En Diagramm op Latäin vun enger Schlagoder

Arteerie gehéieren zum kardiovaskuläre System.

Déi meescht Schlagodere ginn no der Kierperregioun benannt, an där se leien, oder si kréien den Numm vun der Struktur, déi si mat Blutt versuergen. D'Arteria facialis zum Beispill versuergt d'Gesiicht (facies op Latäin), d'Arteria renalis d'Nier (ren) an d'Arteria hepatica propria d'Liewer (hepar).[1] Eng vun de wichtegsten Arteerien ass d'Haaptschlagoder (aorta).

Remove ads

Kuckt och

  • Veen, e Bluttgefääss, an deem d'Blutt Richtung Häerz fléisst.

Um Spaweck

 Commons: Arteerien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads