Schwanen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Schwanen
Remove ads

Schwanen oder Schwunnen (Cygnini) ass eng Tribus déi zwou Vullegattungen ëmfaasst: d'Coscorobaschwanen an d'Echt Schwanen. Dës Tribus gehéiert zur Famill vun den Intevullen an do zur Ënnerfamill vun de Gänsen.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Thumb
Schwanen an aner Waasservullen

D'Plomme vun de Schwunne sinn entweeder reng wäiss oder eng Mëschung vu schwaarz a wäiss. Tëscht Männchen a Weibche gëtt et keng nennenswäert Ënnerscheeder an der Zeechnung.

Am Verglach mat de Gänsen ënnerscheede se sech duerch e méi laangen Hals, deen hinnen d'Grëndelen am méi déiwe Waasser erméiglecht, an d'Kierpergréisst, déi se zu engem vun de gréisste Waasservulle mécht. D'Spanwäit vun hire Flilleke ka bis zu zwéi Meter laang sinn an hiert d'Gewiicht iwwer 15 Kilo erausgoen. D'Been dogéint si relativ kuerz, soudatt d'Déieren u Land éischter schwéierfälleg wierken. Mä dofir hu s'eng kräfteg Fluchmuskulatur a kënnen e puer Dausend Kilometer fléien op hirem Fluch an déi Gebidder, an der nërdlecher Hallefkugel, wou se bréien.

Hir Hickecht gëtt vun den zwéin Elterendeeler zesumme groussgezunn. Si bleiwe bis zu engem Joer mat hire Jonken zesummen.

An Däitschland wéi an Italien ass am Februar 2006 de geféierlechen H5N1-Virus bei Wëllschwanen diagnostizéiert ginn.

Remove ads

Literatur

Märchen

Mythologie

Griichesch

Den Zeus, a Form vun engem Schwan, verféiert d'Leda, d'Fra vum Tyndareos dem Kinnek vu Sparta.

Musek

Um Spaweck

 Commons: Cygnus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads