Short Message Service
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Remove ads
SMS (Méizuel: SMSen) steet fir Short Message Service an ass eng Textnoriicht, déi iwwer Handy geschéckt gëtt.
![]() |
SMS ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner SMS (Homonymie) |

Als Verben an deem Zesummenhank gëtt et eng SMS schécken.
Déi éischt short message vum Short Message Service (SMS) hat als Text „Merry Christmas“ a gouf den 3. Dezember 1992 vum britteschen Ingenieur Neil Papworth vun engem Computer un e GSM am brittesche Vodafone-Netz geschéckt. Also ongeféier e Joer no der Aféierung vum GSM-Standard fir Handyen an Europa (1991).
Zanter 1997 ginn och SMS-Noriichten iwwer Internet verschéckt.
Weiderentwécklung vun der SMS existéieren ënner dem Numm Enhanced Message Service (EMS) a Multimedia Messaging Service (MMS).
Remove ads
Eng SMS besteet aus zwéin Deeler:
- Header
- (Engl. fir "Kapp") Am SMS-Header si verschidden Informatioune vun der SMS uginn, zum Beispill Ofsendernummer, Codéierung (7 Bit, 8 Bit, 16 Bit), Zeechesaz (zum Beispill ISO 8859-1 fir Laténgesch, ISO 8859-6 fir Arabesch, etc.), Gëltegkeet vun der Noriicht, Empfängernummer etc.
- Body
- (engl. fir "Kierper") Et ass den "Inhalt" vun der SMS, deen den Text enthält, deen iwwerdroen an um Display ugewise gëtt. Déi maximal Gréisst vun engem Body ass op 1.120 Bit (= 160 Zeeche fir Text-SMSen) begrenzt, mä et gëtt och d'Méiglechkeet, méi SMSe mateneen ze verbannen (concatenated SMS / EMS).
Remove ads
Haaptartikel SMS-Codéierung
Et gëtt dräi verschidden Aarte vun SMS-Codéierung:
- 7 Bit
- Fir Test-SMS mat laténgesche Buschtawen a grousse griichesche Buschtawen
- 8 Bit
- Fir Daten-SMS (binär SMS), wei z. B. Handylogoen
- 16 Bit
- Unicode (UCS2), d. h. op BMP beschränkten UTF-16
Literatur
Däitsch Bicher
- Bo Hanus, Schalten, Steuern und Überwachen mit dem Handy, ISBN 3-7723-5665-6
- Bernd VomBerg, Jürgen Engelmann, Peter Groppe, Fernsteuern via SMS, ISBN 3-89576-126-5
Franséisch Bicher
- Jacques Anis, Parlez-vous texto ? Guide des nouveaux langages du réseau, éd. Le Cherche-Midi, 2001.
Kuckt och
- SMS-Codéierung
Um Spaweck
Commons: Short Message Service – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Von Handy zu Handy - HB2U SMS! op wort.lu, den 3. Dezember 2017
- 25 Joer no senger Kreatioun - Ass den SMS hautdesdaags nach ëmmer beléift? op rtl.lu, den 3. Dezember 2017
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads