Sixthfloor

Kënschtlerkollektiv From Wikipedia, the free encyclopedia

Sixthfloor
Remove ads

Sixthfloor ass e Kënschtlerkollektiv, deen 2001[1] vu sechs Konschtschafenden an d'Liewe geruff gouf. Matgrënner waren de Sculpteur Tom Flick, d'Glaskënschtlerin Anne-Claude Jeitz, de Sculpteur Patrick Meyer, d'Fotografin Jeannine Unsen, de Moler Joachim van der Vlugt an de Sculpteur Wouter van der Vlugt.

Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Zweck, Grënnungsdatum ...

Aktuell(2024)[1] gehéieren d'Kënschtler Lukas Arons, Nadine Cloos, Tom Flick, Katarzyna Kot-Bach, Patrick Meyer, Joachim van der Vlugt a Wouter van der Vlugt zum Kollektiv.

D'Membere vu Sixthfloor hunn hir Atelieren an der aler Seeërei[2] op der Käercher Neimillen. An der iwwerdaachter Ausstellung sinn ëmmer erëm Vernissagen an aner Evenementer, och mat invitéierte Kënschtler.

Remove ads

"Muse" internationale Skulpturesymposium

Vun 2007 un gëtt ënnert der Leedung vum Tom Flick vum Sixthfloor eng Skulpturen-Triennale op der Neimillen organiséiert. Verschafft gëtt ënner anerem Marber a Granit. All Editioun war bis elo allkéiers enger anerer vun de 9 Musen aus der anticker Mythologie gewidmet.

  • 2007: 1. Muse Symposium, Editioun vun der Urania mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad an Lars Widenfalk.
  • 2010: 2. Muse Symposium, Editioun vun der Klio mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad, Lars Widenfalk a Jo Peters.
  • 2013: 3. Muse Symposium, Editioun vun der Terpsichore mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Peder Istad, Lars Widenfalk a Jo Peters.
  • 2016: 4. Muse Symposium, Editioun vun der Kalliope mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lars Widenfalk, Jo Peters, Raymond Lohr a Viktor Grachev.
  • 2019: 5. Muse Symposium, Editioun vun der Polyhymnia mat Bedeelegung vun de Kënschtler Tom Flick, Lukas Arons, Doru Nuta, Peter Heesch a Viktor Grachev.
  • 2022: 6. Muse Symposium, Editioun vun der Melpomene mat Bedeelegung vu véier Kënschtler, dem Hollänner Lukas Arons, der Tierkin Hanife Neris Yüksel, der Serbin Maša Paunović und dem Rumän Doru Nuta[3].
  • 2025: 7. Muse Symposium, Editioun vun der Euterpe mat Bedeelegung vu fennëf Kënschtler, den Hollänner Lukas Arons an Abe Wientjens, dem Tom Flick, dem Rumän Doru Nuta an dem Alberto Scodrode aus Italien.
  • 2028 (geplangt)
  • 2031 (geplangt)

Dem Tom Flick no wier déi lescht Triennale am Joer 2031 virgesinn, d'Musen déi nach feele sinn d'Thalia an d'Erato.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Sixthfloor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads