Spack-O-Mat

From Wikipedia, the free encyclopedia

Spack-O-Mat
Remove ads

Spack-O-Mat war eng lëtzebuergesch Grupp, déi Musek mat humoristesche lëtzebuergeschen Texter gemaach huet.

op ee Bléck Museksgenre, Land ...
Remove ads

Iwwer d'Grupp

D'Grupp gouf 2009 ëm de Lidderschreiwer Joël Baschera (an der Grupp "Mulles Dëppekapp" genannt) gegrënnt.

Spack-O-Mat sinn op hir ganz eege Manéier opgetrueden: d'Bandmemberen hunn d'Rolle vun de Protagonisten Mulles, Pir, Tun an Dan iwwerhuelen. D'Bün gouf dobäi wéi bei engem Theaterstéck opgebaut. Jee no Programm mat Miwwele vun enger aler klengbiergerlecher Stuff oder vun engem uregen ale Bistro.

Am Dezember 2012 huet si den Album "Décken Nougat" erausbruecht, aus deem d'Single Iwwer Buppfilmer ausgekoppelt gouf.

Den Album "Kale Kaffi" koum am August 2015 op de Maart. Do ass och den Titel Muselfränkesch ze héieren, en Duett mat der däitscher Sängerin Sylvia Nels aus der Eifel, déi an hirem Dialekt séngt[2].

Béid Albume gehéiere fir d'Grupp zesummen a ginn zesumme mam Titel "Déi Gesabbelt Wierker vu Spack-O-Mat" verkaaft, benannt nom Buch "Gesabbelt Wierker" vu Sepp Thill a Max Duchscher.

Den 8. Mäerz 2018 huet Grupp bekannt ginn, datt si sech opgeléist huet.

Remove ads

Diskografie

Thumb
Spack-O-Mat zu Déifferdeng bei der Virstellung vun hirem Album "Kale Kaffi" (2015)

Albumen

  • 2012: Décken Nougat
  • 2015: Kale Kaffi

Singelen

  • 2012: Iwwer Buppfilmer
  • 2013: Fréier wor alles besser
  • 2015: Muselfränkesch

Um Spaweck

Referenzen

  1. revue.lu: Luxemburger Welle vum Hubert Morang (13. November 2012)
  2. D'Lidd a Beschreiwung op Soundcloud
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads