Spaghetti
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Spaghetti sinn Deegwueren aus dem Schmull vun haardem Weess, déi e ronnen, (gekacht) ongeféier 2 mm décken Duerchmiesser hunn an ongeféier 30 cm laang sinn. Si kommen ursprénglech aus Italien. Méi dënn Spaghetti gi Spaghettini, méi décker Spaghettoni genannt.

D'Wuert Spaghetti kënnt vum Italieenesche spago 'Schnouer' → Diminutiv spaghetto 'Schnéierchen' → Plural spaghetti). Am Lëtzebuergeschen héiert een och alt "Spaghettien", wat en duebel markéierte Plural ass.
An der Kiche gi Spaghetti entweeder nëmme mat Ueleg a Gewierzer aromatiséiert, wéi bei de Spaghetti aglio e olio, oder mat enger sämeger Zooss, déi liicht pechech ass, wéi bei de Spaghetti alla napoletana zerwéiert.
Remove ads
Spaghetti-Platen

En Teller Spaghetti Spaghetti aglio e olio - mat Knuewelek an Olivenueleg - Spaghetti alla carbonara - mat Speck, Ee a Kéis
- Spaghetti alla napoletana - mat Tomatenzooss
- Spaghetti alla puttanesca - mat enger schaarfer a gehäerzter Tomatenzooss an Anchoisen, Peperoni, Oliven a Kaperen
- Spaghetti alla gricia - mat gebrodenem Speck a Pecorino-Kéis
- Spaghetti alle vongole - mat Vongole-Muschelen
- Spaghetti all'arrabbiata - mat Speck, Tomaten a Chilischeek
- Spaghetti Bolognese - mat Tomatenzooss a Gehacktes
Remove ads
Kuckt och
- Spaghetti-Bam - en Abrëllsgeck vun der BBC aus dem Joer 1957
- Spaghettimonster, dat flitt - eng Reliounsparodie
- Spaghettizaang
- Spaghettisläffel
Um Spaweck
| Commons: Spaghetti – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

