Gehacktes

From Wikipedia, the free encyclopedia

Gehacktes
Remove ads

Gehacktes ass eng Zort Fleesch, dat mat Hëllef vun engem Fleeschwollef a ganz kleng Stécker gemuele gouf. Alternativ kann et och mat engem Messer zerklengert ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt Gehacktes dacks mat Fleesch vum Rand oder Schwäin gemaach, et geet awer och mat anere Fleeschzorten, wéi zum Beispill mat Poulet, Schof oder Wëld.

Thumb
Gehacktes op engem wäissen Teller.
Thumb
E fäerdege Plat aus Gehacktes: schweedesch Bouletten.

Zënter 2004 ass eng EU-Veruerdnung a Kraaft, déi Gehacktes als Fleesch definéiert, dat vun der Schank geholl a kleng gehae gouf an dat manner wéi 1% Salz enthält. Si seet, datt d'Fleesch aus der Skelettmuskulatur komme muss an zum Beispill keng Schankesplitter oder Rechter vun Haut enthalen dierf. Am Gehacktes dierfen och keng Stécker Fleesch aus dem Hand- oder Fousswuerzelberäich sinn.[1]

Gehacktes ass d'Basis vu villen ënnerschiddleche Platen, wéi zum Beispill de Bouletten, dem Hamburger, den Ćevapi, dem Filet américain an der Bolognese-Zooss. Et ass e Basisprodukt an enger Metzlerei.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Gehacktes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Regelement N°853/2004 iwwer Liewensmëttelhygiène vum Europaparlament an Europarot; am Offizielle Journal vun der EU L139 vum 30. Abrëll 2004
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads