Sphinx (Mythologie)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Sphinx (Mythologie)
Remove ads

D'Sphinx (gr Σφίγξ "Wiergerin") oder Phix (gr Φίξ) an der griichescher Mythologie ass d'Duechter vun den Ongeheier Typhon an Echidna a sou d'Schwëster vun der Hydra, der Chimera, dem Kerberos an dem Orthos. D'Sphinx gëllt als Dämon vun der Zerstéierung a vum Onheel.

Thumb
Eng Sphinx, ëm 570 v. Chr.,
Archeologesche Musée vun Athen

Mythos

D'Sphinx wunnt um Bierg Sphingion westlech vun Theben op a gëtt de Reesend, déi laanscht kommen, e Rätsel mat op de Wee. Déijéineg, déi d'Rätsel vun der Sphinx net léise konnten, goufe vun hir erwiergt an da gefriess. D'Rätsel war: "Wat huet eng Stëmm a geet moies op véier Féiss, mëttes op zwéin an owes op dräi?"[1]

Den Ödipus léist d'Rätsel, an äntwert: "De Mënsch". Als klengt Kand krabbelt hien op alle Véier, als Erwuessene geet en op zwee Been an am Alter brauch hien en drëtt Been, e Bengel. Wéi den Ödipus déi richteg Äntwert ginn huet, stierzt sech d'Sphinx vun hirem Fiels erof a stierft. Theben gouf doropshi befreit, awer dat tragescht Schicksal vum Ödipus huet säi Laf geholl.

Remove ads

Duerstellung

D'Sphinx gouf bei de Griichen als e Léiw mat Flilleken a mam Kapp vun enger Fra, munnechmol och als Fra mat den Tatzen an der Broscht vun enger Léiwin, engem Schlaangeschwanz a Vulleflilleken duergestallt.

Um Spaweck

 Commons: Skulpturen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Naxos-Sphinx – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Op Griichesch: τί ἐστιν ὃ μίαν ἔχον φωνὴν τετράπουν καὶ δίπουν καὶ τρίπουν γίνεται
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads