Spidol

From Wikipedia, the free encyclopedia

Spidol
Remove ads

E Spidol ass eng medezinesch Ariichtung, wou Patienten, déi u Krankheeten oder Traumatisme leiden déi ze komplex si fir doheem oder an enger Dokteschpraxis traitéiert ze ginn, en Traitement an eng Fleeg vu spezialiséiertem Personal an Ekipement kréien. Och d'Gebuertshëllef an d'Stierfbegleedung gehéieren zu den Aufgabe vun engem Spidol.

Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Berliner Charité
Thumb
Operatiounssall
Thumb
Spidolszëmmer

En Arméisspidol gëtt Lazarett genannt.

Remove ads

Avantagen an Desavantagen

An deene meeschten entwéckelte Länner huet e Spidol follgend Avantagen:

  • gutt Hygieneskonditiounen duerch e forméiert Botzpersonal,
  • eng Opsiicht 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 duerch medezinescht oder paramedezinescht Personal (Infirmieren etc.),
  • Kompetenze beim Wëssen (spezialiséiert Dokteren) a beim Material (technesch Apparater) fir Analysen an Traitementer, notamment Operatiounen.

Op där anerer Säit besteet wéinst de ville Kränkten op engstem Raum an dem konzentréierten Asaz vun Antibiotika de Risiko sech mat engem multiresisten Erreeger z'infizéieren.

Remove ads

Servicer

  • Generell Medezin
  • Anatomo-pathologie
  • Apdikt
  • Bannescht Medezin
  • Kardiologie
  • Chirurgie
  • Dermatologie
  • Endocrinologie
  • Gastro-entérologie
  • Hematologie
  • Immunologie
  • Maternité
  • Neurologie
  • Odontologie
  • Pediatrie
  • Pneumologie
  • Radiologie
  • Traumatologie
  • Urgencen
  • Urologie

Spideeler zu Lëtzebuerg

Thumb
Ettelbrécker Neuro-Psychiatrie (CHNP)
Thumb
Wolzer Spidol (CHDN)

Zu Lëtzebuerg gëtt et véier Gruppe vu Spideeler an eng Rëtsch spezialiséiert Spideeler.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spideeler zu Lëtzebuerg.

Literatur

  • Michel Foucault: Die Geburt der Klinik. 1963. Täschebuch: Fischer, Frankfurt am Main 1988.
  • Axel Hinrich Murken: Vom Armenhospital zum Grossklinikum. Die Geschichte des Krankenhauses vom 18. Jahrhundert bis zur Gegenwart. DuMont, Köln 1988.
  • Barbara Schmidt-Rettig, Siegfried Eichhorn: Krankenhausmanagementlehre. Theorie und Praxis eines integrierten Konzepts. Kohlhammer, Stuttgart 2008.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Spideeler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads