Botzpersonal

Persoun, déi berufflech botzt From Wikipedia, the free encyclopedia

Botzpersonal
Remove ads

Botzpersonal ass d'Bezeechnung fir d'Leit déi dofir bezuelt ginn eng Schaff- oder Wunnplaz ze botzen. An der Eenzuel gëtt vum Botzmann an der Botzfra geschwat.

Thumb
E Botzmann a Japan mat engem Biesem.
Thumb
Eng Botzfra a Lettland op enger Maschinn, déi de Buedem wëscht.

Wärend an de leschte Joerhonnerten nëmme räich biergerlech oder adeleg Famille sougenannten Déngschtmeedercher beschäftegt hunn, déi am "herrschaftleche" Stot ënner anerem och gebotzt hunn, gëtt et haut vill privat Stéit, déi eng extern Persoun oder Entreprise bezuele fir d'Wunneng ze botzen. Nieft de Privatstéit kënnt d'Botzpersonal an de Gebaier vum Déngschtleeschtungssecteur an an der Industrie, mee och an ëffentleche Gebaier wéi zu Beispill Schoulen a Spideeler zum Asaz.

Am Mäerz 2019 gouf et zu Lëtzebuerg 170 Entreprisen, déi am Botzsecteur aktiv waren. Ronn 11.200 Salariéen haten hir Haaptbeschäftegung an deem Secteur. Dovu war d'Majoritéit weiblech (83%) a portugisesch (53%). D'Zuel vun de Frontaliere war proportional manner héich wéi an der Gesamtekonomie.[1]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Botzpersonal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Luxembourg Institute of Socio-Economic Research: Les salarié·e·s du secteur du Nettoyage au Luxembourg, Etude vum Laetitia Hauret a Blandine Lejealle; Abrëll 2020; Säit 4
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads