Spirou

From Wikipedia, the free encyclopedia

Spirou
Remove ads

De Spirou ass den Held vun der Serie Spirou et Fantasio, déi 1938 vum Rob-Vel fir de Start vum Journal de Spirou erfonnt gouf.

op ee Bléck Createur, Ass en(g) ...

De Spirou gëtt direkt als Erwuessene gebuer a mat engem Schotz Seltzer Sprudel zum Liewen erwächt. Hien ass am Ufank Liftboy am Hotel Moustic. Och nodeem datt hien déi Aarbecht opginn huet, behält hien aus emotionale Grënn ëmmer nach seng Liftboy-Uniform un.

Zesumme mat sengem Kaweechelche Spip a mat sengem beschte Kolleeg, dem Reporter Fantasio, bereest de Spirou d'Welt fir déi neieste Reportagen.

Heiansdo besicht de Spirou de Fantasio och an der Redaktioun vum Journal de Spirou, sou datt en a raren Occasiounen och an der Serie Gaston Lagaffe ze gesinn ass.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads