Institut national de la statistique et des études économiques

Institut vum lëtzebuergesche Wirtschaftsministère From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Institut national de la statistique et des études économiques ass d'nationaalt Institut fir Statistik vu Lëtzebuerg. Den Akronym dofir ass STATEC[1].

Séier Fakten STATEC, Land ...
Remove ads

Geschicht

Mam Arrêté grand-ducal vum 25. Juli 1900 gouf eng Commission permanente de statistique an d'Liwe geruff[2], déi en 2. August 1945 duerch den Office de statistique ersat gouf[3]. Zu där Zäit gouf och de Service d'études et de documentation économiques geschaaft[4].

De STATEC ass 1962 – deemools als Service central de la statistique et des études économiques – duerch d'Fusioun vun den zwou Institutiounen entstanen[5]. En huet de 15. Januar 1963 ugefaange mat schaffen.

Mam Gesetz vum 10. Juli 2011 gouf aus dem Service central den Institut national[6].

De STATEC hänkt administrativ vum Wirtschaftsministère of, mä ass wëssenschaftlech onofhängeg an neutral.

Remove ads

Organisatioun

De STATEC ass a 6 Divisiounen opgedeelt:

  • Services généraux
  • Statistiques sociales
  • Statistiques d'entreprises
  • Statistiques macroéconomiques
  • Conjoncture et prévisions
  • Recherche appliquée

Um Spaweck

Referenzen

  1. Den Akronym Statec gouf vum fréieren Direkter vun Eurostat Vittorio Paretti an d'Welt gesat. Cf. Georges Als 2013. Les 50 ans du Statec (1963-2013). Die Warte 16/2402: 14. 23. Mee 2013.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads