Staustuf Koblenz
Schleis op der Musel an Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Staustuf Koblenz ass – vun der Mëndung an de Rhäin bei Koblenz flossop gekuckt – déi 1. Staustuf op der kanaliséierter Musel. Se läit um Kanalkilometer 1,94 bei Koblenz am Bundesland Rheinland-Pfalz. D'Anlag war 1951 fäerdeg an ass 1964 mat der Kanaliséierung vun der Musel fir de Schëffsverkéier opgaangen.
D'Nopeschstaustuf muselop ass déi vu Lehmen.
Remove ads
Geschicht
D'Pläng fir de Bau vun der Koblenzer Staustuf ginn op Entwërf vun 1938 bis 1940 vun der Regierung vum däitsche Räich zeréck, fir d'Musel schëffbar ze maachen. De Bau vun der Staustuf huet 1941 ugefaangen, huet awer wéinst dem Krichschaos an de schwéiere Loftattacken op Koblenz am Zweete Weltkrich 1944 misse gestoppt ginn. Vun 1948 bis 1951 gouf de Bau vum Barrage dunn ënnert der Leedung vun der franséischer Besatzungsmuecht mat engem Waasserkraaftwierk, engem Wier an enger Schleis ofgeschloss.
Mat der Kanalisatioun vun der Musel tëscht 1958 an 1964 gouf d'Musel vu Koblenz op Metz schëffbar gemaach an déi Koblenzer Staustuf konnt vun deem Ament un hiren eigentlechen Zweck erfëllen. Nieft der initialer Schleis, koum nach eng zweet bäi, mat enger benotzbarer Gréisst vun 172,10 × 11,60 m.
Um Waasserkraaftwierk gouf 1998 eng grouss Revisioun gemaach. De Stee iwwer d'Wier gouf 2009 wéinst Schied gespaart ginn, gouf duerno komplett renovéiert an ass zanter dem 21. Dezember 2010 nees fir Foussgänger a Vëlosfuerer op.
D'Fëschleeder um rietsen Ufer huet den Ufuerderungen net méi entsprach a gouf tëscht Abrëll 2010 a September 2011 mat enger neier Anlag ersat. Gläichzäiteg gouf de Musellum, e Visiteurs- an Informatiounszenter gebaut, deen den 29. September 2011 opgemaach huet.
Am Mäerz 2015 gouf bekannt, datt dat dräideelegt Walzewier beschiedegt wier a renovéiert misst ginn. Tëscht 2015 an 2023 sinn déi dräi Deeler sanéiert ginn.
Remove ads
Technesch Donnéeën
Staustuf
De Barrage läit um Kanalkilometer 1,94 op enger Héicht vu 65,05 m. Den Niveausënnerscheed tëscht dem ieweschten an dem ënneschte Schleisebaseng ass 4,955 m.
Schleis
An der Staustuf gëtt et dräi Schleisekummeren:
- 1. Kummer mat 175,47 × 12 m;
- 2. Kummer mat 122,50 × 12 m;
- 3. Kummer fir Sportsbooter.
Duerch d'Schleis kënne Schëffer mat de Moossen 110 x 11,45 m oder Schubschëffer mat bis zu 172,10 Meter Längt fueren
Wier
Iwwerdeems déi aner Staustufen op der Musel haaptsächlech mat [[Sektiounswier[[en ekipéiert sinn, huet déi vu Koblenz en dräideelegt Walzewier. An der mëttelster Walz ass eng Fëschbauchklapp fir d'Dreifäis ewech ze drainéieren.
Waasserkraaftwierk
Zur Anlag gehéiert d'Lafwaasserkraaftwierk vu Koblenz (och nach (de) Moselkraftwerk Koblenz) um rietsen Uwänner. Et ass dat éischt vun am Ganzen zwielef Lafwaasserkraaftwierker um däitschen Deel vun der Musel. Et huet eng Leeschtung vu 16 MW a gëtt vun RWE-Innogy bedriwwen.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Staustuf Koblenz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads