Super Besse

From Wikipedia, the free encyclopedia

Super Besse
Remove ads

Super Besse ass eng Wantersportstatioun am Massif Central.

Si läit um Territoire vun der Gemeng Besse-en-Chandesse, matzen am Parc régional des Volcans d'Auvergne am Departement Puy-de-Dôme, an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Ongeféier 50 km vu Clermont-Ferrand ewech läit se op enger Héicht vun 1.350 Meter op den Häng vum Puy de Sancy, dem Puy de la perdrix an dem Puy Ferrand.

Si huet en Uschloss un d'Schipiste vum Mont-Dore, deen awer, wéinst dem raue Klima, net ëmmer garantéiert ass.

Remove ads

Pisten an Ekipementer

Fir den Alpine Schi gëtt et 43 km Pisten tëscht 1.300 an 1.840 Meter Héicht, déi op 27 verschidde Piste verdeelt sinn.

Als Transportmëttele stinn zur Verfügung:

  • 01 Funitel mat 20 Plazen
  • 02 Sessellifter mat 4 Plaze pro Bänk
  • 02 Sessellifter mat 2 Plaze pro Bänk
  • 16 Schilifter
  • 01 Schleefseel

Fir de Laanglaf gëtt et 125 km Pisten.

Super Besse am Sport

Vëlossport

Tour de France

  • Tour de France 1978: Arrivée vun der 13. Etapp vu Figeac op Super-Besse déi vum belsche Coureur Paul Wellens gewonne gouf. De Lëtzebuerger Lucien Didier gouf de 37. mat engem Retard vu 4:29 min.
  • Tour de France 1996: Arrivée vun der 13. Etapp vu Le Puy-en-Velay op Super Besse déi vum dänesche Coureur Rolf Sørensen gewonne gouf.
  • Tour de France 2008: Arrivée vun der 6. Etapp vun Aigurande op Super Besse déi vum italieenesche Coureur Riccardo Riccò gewonne gouf. Nodeems den Italieener wéinst Doping disqualifizéiert gouf, gouf de Spuenier Alejandro Valverde als éischte gewäert.
  • Tour de France 2011: Arrivée vun der 8. Etapp vun Aigurande op Super Besse déi vum portugisesche Coureur Rui Costa gewonne gouf.

Tour de l'Avenir

  • Tour de l'Avenir 2002: Arrivée vun der 7. Etapp déi vum Spuenier Aitor Silloniz gewonne gouf.
  • Tour de l'Avenir 2007: Arrivée vun der 7. Etapp déi vum Italieener Dario Cataldo gewonne gouf.

Autossport

  • Trophée Andros: Den 2. Februar gewënnt den Alain Prost zu Super Besse op Toyota Auris déi zweetlescht Course an deem Championnat a gëtt doduerch Champion 2008.
Thumb
Super Besse um Hank vum Puy de Sancy
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Super Besse – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads